Virun 100 Joer

Renée Wagener

Iwwer den éischte Massestreik an de Schmelzen, d'Auswierkunge vun der Revolutioun op d'Sozialistesch Partei oder den Ufank vun enger pazifistescher Bewegung. E gemeinsame Medieprojet vun der Wochenzeitung woxx a vum radio 100,7.

D'Februar-Revolutioun 1917 a Russland an der Lëtzebuerger Press

Dës éischt Sendung vun der Chronik "Virun 100 Joer" gehéiert zu engem Medieprojet, deen de radio 100,7 zesumme mat der Wochenzeitung woxx zum Joer 1917 lancéiert.

"1917 - d'Joer, dat d'Welt verännert huet": Ëm d'Auswierkunge vun der russescher Revolutioun virun 100 Joer geet et an aacht Statiounen, mat Radios-Gespréicher, Table-Ronden an enger Chronik vun den Evenementer, déi Dir iwwert d'Joer um radio 100,7 kënnt lauschteren an an der Wochenzeitung woxx liesen. Méi Detailer zum Programm fannt der op de Web-Säite vun deenen zwee Medien an op dem Blog 1917.woxx.lu.

Am éischte Bäitrag vun dëser Chronik geet et dorëm, wéi d'"Februar-Revolutioun" an der Lëtzebuerger Press duergestallt gouf. Obwuel den Informatiounsstand am Ufank net gutt war, huet den Thema awer op alle Säiten interesséiert. Besonnesch an der lénker Press gouf si als Zeechen interpretéiert, datt et sech och zu Lëtzebuerg géif lounen, dem Kapitalismus d'Stier ze bidden.

Eng Emissioun vun der Historikerin Renée Wagener.

Rezent Emissiounen

  • "Räte-System" oder klassesch Demokratie?

    One man, one vote? Dat war zu Lëtzebuerg virun 100 Joer nach keng Realitéit. Eng Verfassungsreform sollt aus deem Prinzip Wierklechkeet maachen.

  • D'Stonn vum Pazifismus

    Nieft Land a Brout war och de Fridden eng zentral Fuerderung an der Russescher Revolutioun. Mä soss an Europa hat en e schwéiere Stand.

  • 1917: de Juni-Streik

    1917, mëtten am Éischte Weltkrich, koum et zum éischte Massestreik zu Lëtzebuerg. Dräi Woche laang hunn d'Schmelz-Aarbechter gestreikt.

  • De grousse Broch

    Den Ëmstuerz a Russland 1917 huet der Aarbechterbewegung zwar neien Driff ginn, mä se och virun de Choix gestallt: Reform oder Revolutioun?

  • Dobäi gewiescht: Lëtzebuerger a Russland

    Wéi 1917 a Russland d'Revolutioun ausgebrach ass, waren op der Plaz och Lëtzebuerger dobäi - awer éischter onfräiwëlleg.

  • D'Februar-Revolutioun 1917 a Russland an der Lëtzebuerger Press

    A Russland ass eng Revolutioun amgaang! Dat konnt een am Mäerz 1917 - mat e bësse Verspéidung - och an de Lëtzebuerger Zeitunge gewuer ginn.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen