Black & White Blues

Jim Devans Fred Medernach

Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen,  Vintage-Opnamen, ausféierleche Live,  Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.

Stompin' Heat, live am Studio 7 (Foto: radio 100,7)

Stompin' Heat live @radio 100,7!

Wien op roots 'n' rough blues steet, dee kënnt bei Stompin' Heat voll op seng Käschten. De Florian 'Blind Dog' Mayer (Gesang, Mondharmonika) an de Martin 'Magman' Müller (Gittaren), si virun hirem dubbelen Optrëtt zu Lëtzebuerg am Studio 7 passéiert, wou si - live a verstäerkt vun engem Bassist - e puer Titelen aus hirem Repertoire proposéiert hunn.

Et sinn dat "I'm So Tired" (eng manner bekannte Canned Heat-Nummer), "Back To The Doghouse" (Seasick Steve), "Anytime You Want" an den Hound Dog Taylor-Klassiker "Gimme back My Whig".

Am Gespréich mam Fred Medernach erzielen si d'Geschicht vun hirer Formatioun a fachsimpelen iwwert de Blues ... live si si den 22. Abrëll am Aal Echternoach an den 11. Mee am Stater Liquid z'erliewen.

No de véier Lidder vun der däitscher Band lafen nach:

- Carl Wyatt - Met Her In Luxembourg City
- Junior Mack: I'll Believe I'll Make A Change
- Junior Mack: First Time I Met The Blues
- Blues, Women & Whiskey: The Night Time
- Blues, Women & Whiskey: You

 

Rezent Emissiounen

  • The Rolling Stones - Blue & Lonesome

    2016 koum de Rolling Stones hiren 23. Album eraus, eng CD, déi komplett am Blues gehale gouf. 12 Cover-Songs, déi alleguerten am Stil an am Rhythmus stëmmen.

  • Live Blues

    Mat Extraiten aus de Concerte vum Reidar Larsen & the Blues Bastards (Norwegen), Juke (USA) an John Mayall (GB)

  • Chris Youlden

    Den englesche Bluesmann huet virun allem Enn der 60er Jore mat der Savoy Brown Blues Band Akzenter gesat.

  • Beth, Jimmy & Eises

    Extraiten aus den neie Live-Albumen vu Beth Hart an Jimmy Cornett an eng déck Portioun Lëtzebuerger Blues

  • Mick Fleetwood: Blue Again!

    De Mick Fleetwood huet a senger Bluesband e prominente Gittarist derbäi: de Rick Vito. Déi richteg Leit fir en Duebelalbum voller Klassiker.

  • Jimi songs

    Cover-Versiounen, déi och alt emol d'Héiergewunnechten änneren, déi ee sech beim Hendrix-Repertoire zougeluecht huet ...

  • Robben Ford live

    Live-Opname vum amerikanesche Gittarist, queesch uechter seng Karriär

  • Graham Bond

    E Portrait vum 1974 verstuerwenen englesche Sänger, Saxophonist a Keyboarder, deen d'Hammonduergel mat an de Blues bruecht huet.

  • The Winklepickers: exklusiv, live & ofgespeckt

    Den Duo Roger Melcher (Gesang, Harp) a Roland Meyer (Gittaren), live opgeholl am Studio 8 vum radio 100,7.

  • Jack Bruce - The 50th Birthday Concerts

    Am November 1993 huet de Bassist Jack Bruce zwee wonnerbar Concerten zu Köln am E-Werk gespillt, an zwar fir säi 50. Geburtsdag ze feieren.

  • Rough Blues vun hanner der Grenz

    Als Gäscht derbäi: déi saarlännesch Formatioun Stompin Heat mat hirem Live-Album, dee si genreméisseg als Rough Blues presentéieren.

  • John Mayall: "Three for the Road"

    Dee 66. Album vum britesche Blues-Pionéier

  • Blues Is Life!

    "Chilling" ass deen neien Album vum Archie Lee Hooker (Label: Dixiefrog). Hien an den Drummer/Produzent Yves Ditsch si Gäscht am Studio.

  • Muddy Waters ... Live at Rockpalast

    Och nach haut, 35 Joer no sengem Doud, kommen ëmmer nach CDe vum Bluesmuseker Muddy Waters eraus. Sou och 2018.

  • Remo Cavallini live@Rockhal

    Den Déifferdenger Bluesmann mat Band a Frënn, opgeholl de 14.10.2017 am Club vun der Rockhal fir de Release vu "The Last Blues From 29".

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen