World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

D'Elida Almeida vum Cap Vert ass de 9. Juni an der Escher Kufa z'erliewen

Cabo Verde

Natierlech däerfen Nimm wéi Cesaria Evora an Tito Paris net feelen, wann iwwert d'Zeen vum Cap Vert Rieds geet ... vun hinnen zwee huet de Fred Medernach Concerts-Extraiten derbäi. Wichteg si si awer och, well si déi nei Generatioun staark beaflosst hunn an dacks als Virbild zitéiert ginn. Zu de Musekerinnen, déi an der Lescht an de Mëttelpunkt geréckelt sinn, zielen d'Assol Garcia an d'Elida Almeida, déi allebéid mat engem duebelen Extrait aus hiren aktuelle Produktioune vertruede sinn.
D'Elida Almeida ass mat hirer Band den 9. Juni an der Escher Kulturfabrik live z'erliewen.

 

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Papperlapop

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen