World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

D'Elida Almeida vum Cap Vert ass de 9. Juni an der Escher Kufa z'erliewen

Cabo Verde

Natierlech däerfen Nimm wéi Cesaria Evora an Tito Paris net feelen, wann iwwert d'Zeen vum Cap Vert Rieds geet ... vun hinnen zwee huet de Fred Medernach Concerts-Extraiten derbäi. Wichteg si si awer och, well si déi nei Generatioun staark beaflosst hunn an dacks als Virbild zitéiert ginn. Zu de Musekerinnen, déi an der Lescht an de Mëttelpunkt geréckelt sinn, zielen d'Assol Garcia an d'Elida Almeida, déi allebéid mat engem duebelen Extrait aus hiren aktuelle Produktioune vertruede sinn.
D'Elida Almeida ass mat hirer Band den 9. Juni an der Escher Kulturfabrik live z'erliewen.

 

 

Rezent Emissiounen

  • Begegnungen

    Eng spannend Saach: musikalesch Zesummenaarbechten tëscht Museker/innen aus verschiddene Kulturen.

  • Vun der Donau bis zu der Neretva ...

    Wäit ewech vun dem europawäit bekannte Balkansound vum Goran Bregovic an Emir Kusturica sinn déi traditionell Lidder aus der Vojvodina an aus Bosnien-Herzegowina. 

  • Eng musikalesch Rees an Ostasien

    Eng exotesch Destinatioun, e Kontinent un deen eis musikalesch Oueren net onbedéngt gewinnt sinn, Decouverten an Iwwerraschunge si gewëss.

  • Music Is A Weapon

    Aktuell politesch Protestlidder vum afrikanesche Kontinent

  • Mare Nostrum

    Eng musikalesch Rees uechter a ronderëm d'Mëttelmier

  • Music Is A Weapon! (1/2)

    Politesch Protest-Lidder um afrikanesch Kontinent: vum Nelson Mandela iwwert d'SWAPO-Beweegung bei de Robert Mugabe

  • Jenseits von Indien

    Eng musikalesch Rees um indesche Kontinent, mat méi traditionelle Kläng an aktualiséiertem Sound

  • Sound & Vision (2/2)

    Spannend Zesummenaarbechten, entstëbste Klischeeën a kolonial Vergaangenheet mat Afloss op aktuell Kompositiounen an der Weltmusek ...

  • Balkan & Osteuropa

    E musikaleschen Ausflug duerch de Balkan an Osteuropa, mat melancholeschen Téin a wëllem Feier!

  • Sound & Vision (1/2)

    Friem Sproochen, ongewinnten Téin, Stëmmungen, Emotiounen, onerwaart Zesummenaarbechten: eng musikalesch Rees ronderëm de Globus

  • Dobet Gnahoré in concert

    D'Sängerin aus der Côte d'Ivoire live um Festival zu Riga (Optrëtt vum 18. Juni 2015)

  • Angélique Kidjo - a Wierder an an Nouten

    D'Grammy-Gewënnerin huet net nëmme musikalesch eppes ze soen: si hëllt och kloer Positioun zu aktuellen Themen an eiser Gesellschaft

  • Norwegische Fjorde

    Die wilde Landschaft Norwegens hat zahlreiche Musiker inspiriert, die heute zu den Stars der Weltmusik zählen wie Jan Garbarek, Mari Boine oder Bugge Wesseltoft.

  • Anatolian Flower Power

    Psychedelic Rock a Funk gemëscht mat orientalesche Kläng an tierkeschem Gesang: Dat ass Anatolian Rock.

  • Musikalische Emanzipation: Algerien

    Es sind zwei Frauen, die heute u.a. für die algerische Musik stehen: Souad Massi und Djur Djura, die beide längst einen eigenen Status neben dem Rai-Star Khaled haben.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Papperlapop

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen