Black & White Blues

Jim Devans Fred Medernach

Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen,  Vintage-Opnamen, ausféierleche Live,  Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.

Chris Fillmore & Meena Cryle: dëst Joer um Blues & Jazz Rallye mam neien Album 'in concert' (Foto: meenacryle.com)

Meena Cryle live

D'Meena Cryle ass d'Stëmm, de Chris Fillmore iwwerzeegt op der Gittar: "In Concert" vereent dës Koppel, déi zënter Joren an der Zeen ënnerwee ass an dëst Joer um Blues & Jazz Rallye wäert optrieden. Fir Boogie an eng Portioun Hip Shakin' ass och an dëser Stonn gesuergt, genee wéi fir e Concertstip mam Junior Mack. A mam Titel "Anger Is An Energy" proposéiert de Fred Medernach en exklusiven Abléck an den neien Album vun der Lëtzebuerger Formatioun Heavy Petrol. Den offizielle Release gëtt Enn Mee an der Kulturfabirk gefeiert, dësen éischte rough mix weist d'Richtung un an déi et beim Woody Bruns & Co. geet.

Hei d'Playlëscht:

  1. Mike Henderson & Blueblood - Hip Shakin'
  2. The Rumpshakers - Boogie Through The Night
  3. John Lee Hooker - I Want To Hug You
  4. Meena Cryle - It Makes Me Scream (live)
  5. Meena Cryle - You Don't Know (live)
  6. Junior Mack - Crossroads (live)
  7. Heavy Petrol - Anger Is An Energy (album rough mix)
  8. Meena cryle - Since I Met You Baby (live)

Rezent Emissiounen

  • Eric Clapton plays Robert Johnson

    Bekannt gouf hien eigentlech an de 60er Jore vum leschte Joerhonnert, net duerch de Blues, mä mat Pop a Rock.

  • Nach waarm vum läschte Joer!

    Si gehéieren offiziell zum Cru 2015, et sinn deemno Produktioune vum läschte Joer: mee aktuell si se natierlech ëmmer nach. Well esou al ass dat neit Joer jo nach net ...

  • Blues am Uptempo!

    Avanti - an zwar am zolitt ugezunnenem Tempo: dat ass de Blues-Motto vum Owend, wou d'Momenter fir Loft ze huelen éischter an der Minoritéit sinn!

  • Christmas Blues

    Museker a Gruppe mat hire Chrëschtlidder aus dem Rock, Pop, Jazz a Blues.

  • Relax ... says Santa!

    Eng Stonn Blues mat deem engen oder aneren Ofstiecher a gemittlechen Jazz a Groove!

  • Christmas Blues

    All Museker an all Grupp déi eppes op sech hält, huet iergendwann deen een oder aneren Titel fir Chrëschtdag opgeholl.

  • XXL Blues!

    Eng Stonn mat méi laange Lidder aus den aktuelle Live-Albume vu Layla Zoe an Erja Lyytinen, de Bas Paardekooper (NL) ass zu Téiteng bei 'Blue In The Schu' derbäi.

  • Grainne Duffy/John Mayall/Ten Years After

    Um Programm: Grainne Duffy, John Mayall an Ten Years After. Enn November spillt zu Diddeleng op enger Blues-Soirée Hundred Seventy Split, en Ofleeër vun TYA.

  • Blues de luxe

    Zwou Lëtzebuerger Formatioune stinn am Mëttelponkt vum 100,7 Blues-Rendezvous: 'Heavy Petrol' an d''Blues Heritage Company'

  • Larry Garner an Norman Beaker

    Dem Larry Garner säi Liewen a Wierk gi beliicht, an eng CD, déi 2013 zesumme mam Norman Beaker live zu Wien opgeholl gouf, steet am Mëttelpunkt

  • Sugar Ray, John & Peter

    Sugar Ray, John & Peter

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Mam Bus op d’Klimakonferenz zu Madrid

    Mam Bus op Madrid

    D'Greta Thunberg ass mam Seegelschëff a mam Zuch op d'Klimakonferenz zu Madrid gefuer. Och de radio 100,7 huet decidéiert, net mam Fliger dohinner ze fléien. Eise Reporter Pierre Reyland fiert mam Bus op Madrid.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen