Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.
Aktuelles

Reaktioune vun der Bauerenzentral op den "État de la Nation"
D'Lëtzebuerger Bauerenzentral begréisst dem Premier seng Ausso, datt d'Regierung déi regional Produktioun ënnerstëtze wëll. Kritesch weist ee sech allerdéngs, wat d'Ëmstellung vu Bauerebetriber op Bio ubelaangt. Et misst nämlech garantéiert sinn, datt Bio-Produkter och um Lëtzebuerger Marché ofgesat a consomméiert ginn. Dovunner wär een awer nach wäit ewech, am Ablack wär de Verkaf vun deene Produkter zu engem abordabele Präis extrem limitéiert. Reaktiounen op déi Aussoe vun der Josiane Willems, Directrice vun der Lëtzebuerger Bauerenzentral um Mikro vum Gilles Wunsch.
Rezent Emissiounen
-
40 Joer Fondatioun Kräizbierg zu Diddeleng
1977-2017: Den Direkter John Schummer mécht ee kuerze Réckbléck.
-
"Go Urban", den internationalen LGS-Summercamp um Kierchbierg
Vum 18. bis den 28. Juli sinn eng 4.000 Scouten aus ronn 30 Länner fir dësen internationale Camp vun de "Lëtzebuerger Guiden a Scouten" ageschriwwen.
-
De LIST grënnt de "Finance Innovation Techn. and Sytems Centre"
De LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) annoncéiert d'Kreatioun vum Finance Innovation Technology and Systems Centre FITS.
-
13.7. leschten Délai fir sech fir d'Gemengewahlen an ze schreiwen
Den 13.7. ass de leschten Délai, fir sech als auslännesch MatbiergerInne fir déi nächst Gemengewahlen an ze schreiwen.
-
Offiziell Inauguratioun vum Centre National Para-sports
Haut ass déi offiziell Aweiung vum "Centre National Para-Sports".
-
Der ULC hiren Avis zum Projet de loi rel. aux voyages à forfait
D'ULC reagéiert mat engem Avis op de Projet de loi relatif aux voyages à forfait.
-
D'Rout Kräiz lancéiert een dréngenden Appell un hir Bluttspender
D'Rout Kräiz adresséiert sech un d'Press, a lancéiert op dësem Wee een dréngenden Appell un hir SpenderInnen, fir nach haut a muer am Centre de Transfusion Sanguine um Lampersbierg fir eng Bluttspend ze passéieren.
-
Parkinsonfeier zu Schengen, dëse Samschdeg, 3.6.
"Parkinson sans frontières", dat ass dëse Samschdeg, 3. Juni, op der Musel am Dräilännereck.
-
"Einführung in das luxemburgische Recht", ee Sachbuch op Däitsch
Mir stellen Iech eng éischter rar Publikatioun vir, nämlech eng Introduktioun op Däitsch, an de Lëtzebuerger Justizsystem.
-
CFL Zuchstréck 60A - Reactioune vum Diddelenger Buergermeeschter
Den Diddelenger Buergermeeschter prekoniséiert och an Zukunft direkt Zuchverbindunge op der CFL-Stréck 60A Richtung Gare Lëtzebuerg.
-
Wat sinn der CFL hir Pläng fir d'Zuchstreck Diddeleng-Lëtzebuerg?
Vun den ablécklech sechs direkten Zuchverbindungen den Dag tëscht Diddeleng an der Gare Lëtzebuerg sollen der méiglecherweis vum nächste Joer u just nach zwou gefuer ginn. Véier Mol missten d'Voyageuren deemno an Zukunft op dëser Stréck zu Beetebuerg ëmsteigen, fir mat engem nächsten Zuch an d'Stad ze kommen.
-
All you can walk...in 24h
“All you can walk...in 24 hours”, esou heescht ee speziellt Wanderevenement den 31. August d’nächst Joer.
-
Ee moderniséierte Geoportail vun der Groussregioun
Den neie Geoportail vun der Groussregioun ass zanter gëschter online.
-
De SkodaTour de Luxembourg, vum 31. Mee bis de 4. Juni 2017
De SkodaTour de Luxembourg gëtt dëst Joer vum 31. Mee bis de 4. Juni gefuer.
-
Fahndungsplattform AMBER Alert
Den nationale Warnsystem, wa Mannerjäreger vermësst ginn, gëtt op Facebook erweidert.
Programm
-
Panorama
-
On air
Espresso Beats
-
20/20 - Smog - Cold Blooded Old Times
-
-
Trendscheif
-
Ënnerwee duerch de Weekend - Ënnerwee an de Weekend
-
One World
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen