Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit.

Der Chantal Maquet hiert "Eigenheim"

Och Kënschtler brauchen emol eng Auszäit. D'Lëtzebuergerin a Wahlkölnerin Chantal Maquet hat an de leschte sechs Méint véier gréisser Ausstellungen hei am Land, lo ass Tapéitewiessel ugesot: an zwar eng Rees op Kuba. Viru knapps zwee Joer war d'Molerin schonn emol mat Zeecheblock a Fotoapparat op der Insel ënnerwee gewiescht. Duerno ass ënnert anerem d'Serie "gelebte Utopien" entstanen. Déi weist d'Chantal Maquet den Ament op der Gruppenausstellung "Eigenheim" an der Krome Gallery. D'Kerstin Thalau wollt vun der Molerin méi iwwert hire Faibel fir d'Architektur gewuer ginn.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen