Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

D'Lëtzebuerger Actrice Nicole Max

Nicole Max: E Liewen zu Paräis

D'Nicole Max ass ëmmer nees fir Projeten zu Lëtzebuerg. Den Ament spillt d'Actrice am Théâtre du Centaure am Rémi de Vos senger Farce "Cassé" mat. Eng gutt Occasioun also, d'Nicole Max, déi soss de gréissten Deel vun hirer Zäit zu Paräis lieft, an de Studio z'invitéieren. D'Nicole Max kënnt awer net alleng, mä si huet hir musikalesch Visittekaart mat derbäi.

D'Lëtzebuerger Actrice ass souwuel am Theater, wéi am Film doheem. Am Film war se mat derbäi, wéi zu Lëtzebuerg am Kino Pionéieraarbecht geleescht gouf. Doriwwer schwätz de Jean Claude Majerus mat der Nicole Max, mä och wéi et ass, no de schroen Evenementer zu Paräis ze liewen.

D'Titelen, déi d'Nicole Max sech fir hir musikalesch Visittekaart erausgesicht huet:

  1. Agnès Obel                                      Failing, Catching
  2. Lhasa                                               Soon this space will be to small
  3. C. Muno & D. Balthasar                   Wéi meng Mamm nach huet gesponnen
  4. Janis Joplin                                      Piece of my Heart
  5. Asaf Avidan                                      Love it or leave it
  6. Agnès Jaoui feat. Elbicho                Tanguillo Nuevo

An der Rediffusioun um 18:30 héiert Dir zousätzlech nach den Jeff Buckley mat "Grace".


 

Rezent Emissiounen

  • Marc Meyers

    Den Direkter vum Stater Conservatoire ass net nëmme begeeschtert vum Klassik- oder Blechrepertoire.

  • Erna Hennicot-Schoepges

    Virun hirer politescher Carrière war si Professesch fir Piano am Stater Conservatoire.

  • Théid Johanns

    De Kënschtler huet eng Playlëscht zesumme gestallt a mat bei de Mike Tock an de Studio bruecht.

  • Fränk Feitler

    Als fréieren Direkter vum Stater Theater ass hien dofir responsabel, dass éischt klassesch Produktiounen op lëtzebuerg komm sinn.

  • Jo Kox

    Eng eklektesch Playlist vum President vum Fonds culturel.

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen