Invité vum Dag

En Interview iwwert en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Gast Gibéryen

Wéi d'ADR virun 30 Joer gegrënnt gouf, hat d'Partei eng Fuerderung: d'Pensiounen am Privat-Secteur un déi am ëffentlechen Déngscht upassen. Dat Zil ass zënter iwwer 15 Joer erreecht. Mä woufir steet d'ADR haut? Dat freet de Rick Mertens den déngschteelsten Deputéierte vun der ADR.

Rezent Emissiounen

  • Christine Muller

    D'Urbanistin an Architektin beliicht d'Logementsproblematik, de Wuesstem, an d'Neifaassung vum "Programme directeur d'aménagement du territoire"

  • Carlo Thill

    D’Banke beschwéieren sech iwwer niddreg Zënsen an deier Reguléierungen. Firwat huet d'BGL BNP Paribas trotzdem iwwer 400 Milliounen Euro Gewënn gemaach? 

  • Thérèse Michaelis

    Déi fréier Qualitéitsbeoptraagte vun der "Entente des Gestionnaires" vun de Jugendhaiser presentéiert den neie Vademecum.

  • Robert Urbé

    Den Ekonomist a Spriecher vun der Caritas presentéiert de Sozialalmanach 2017. Schwéierpunktthema ass de Wuesstem.

  • Marc Hansen

    Déi aktuell intern Tensioune bei der Uni Lëtzebuerg an dat neit Unisgesetz si Sujet mam Héichschoulminister.

  • Frank Wolter

    Den Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung schwätzt iwwert den Zoustand an d'Gestioun vum Lëtzebuerger Bësch.

  • Volker Strauss

    Mam Titularpaschtouer vun der Protestantescher Kierch geet et ëm de Konflikt bannent der Communautéit.

  • Thierry Nothum

    Mam Direkter vun der Handelskonfederatioun geet et ëm d'Erausfuerderungen am Lëtzebuerger Commerce. 

  • Marc Crochet

    De Vize-Generaldirekter vum Lëtzebuerger Roude Kräiz beliicht déi humanitär Besoinen an de Kriseregioune vun Ostafrika an dem Jemen.

  • Annemarie Jung

    Déi nei Generalsekretärin vun der Banken- an Banquiersassociatioun schwätzt iwwert d'Transparenz an d'Zukunft vun der Lëtzebuerger Finanzplaz.

  • Claudia Monti

    Déi a Kanner- a Familljerecht spezialiséiert Juristin gouf vun der Chamber zum Ombudsman gewielt. Déi nei Mediatrice ass DP-Parteimember.

  • Danièle Weber

    D'Journalistin an 100,7 Mataarbechterin fënnt, datt 60 Joer nom Ënnerschreiwe vun de Réimesche Verträg d'Ambiance an der EU net déi Bescht wier.

  • Max Hahn (DP) a Marc Lies (CSV)

    Ëmmer méi Leit hu Problemer eng Wunneng ze fannen, déi se sech leeschte kennen. Kann d'Reform vum Fonds du Logement eppes dorun änneren?

  • Michel Weimerskirch a Peter Gilles

    De Grënner vum Projet "Spellchecker" a de Spezialist vun der Lëtzebuerger Sprooch bei der Uni Lëtzebuerg iwwert d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch.

  • Felix Braz

    Stäerkung vun der Justiz an der Verfassung an d'Schafung vun engem ieweschte Justizrot: de Justizminister erkläert seng Reformproposen.

Programm

Dossieren

  • Franséisch Presidentiellen 2017

    De 7. Mee ass den zweeten Tour vun de Presidentschaftswahlen a Frankräich. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeuë vun dëse Wahlen.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen