Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Gabriele Krone-Schmalz © Carlo Link

Russland verstehen

Wéi steet et ëm déi politesch Kultur vun engem Land, an deem de Begrëff "Russlandversteher“ zu Stigmatisatioun an Exklusioun féiert? Muss een net fir d’éischt eppes verstoen, ier een et beuerteele kann? D'Gabriele Krone-Schmalz* gëtt eng Orientéierungshëllef fir all déi, deenen dat aktuellt Russland-Bild ze eesäiteg ass.

Anti-Russesch Viruerteeler hunn eng laang Traditioun an Däitschland, déi an zwee Weltkricher zementéiert goufen. An der Ukrain-Kris konnt hir Efficacitéit observéiert ginn. Tatsächlech ass awer net nëmmen d'Relatioun tësche Russland, dem Westen an der Ukrain méi komplex, wéi dat de Medien-Mainstream suggeréiert, mä och d'Geschicht vu Russland zënter dem Enn vum Kale Krich.

Demokratie a Mënscherechter verbreeden - wie wëll dat net? Et kann een iwwer den Tempo an iwwert d'Methode streiden an et kann ee sech froen, wat fir Intressen de Westen ënnert dem Deckmantel vun enger Mënscherecht-Rhetorik verfollegt.

An Hirem Virtrag hannerfreet d’Russland-Expertin Krone-Schmalz, déi westlech Politik an d’Medien, weider versicht Si Denkustéiss a méi Richtungen ze ginn, déi et dem Publikum erlabe sollen, säin eegent Uerteel ze bilden. Uschléissend  héiere mir dann nach ee Gespréich mat Hir, moderéiert vum Redakter a Journalist Christoph Langenbrinck.

* D’Gabriele Krone-Schmalz ass promovéiert Historikerin, fräi Journalistin a Publizistin. Vun 1987 bis 91 war Si Moskau-Korrespondentin bei der ARD an hat duerno bis 97 den ARD-Kulturweltspiegel moderéiert. Si ass Professesch fir TV und Journalistik op der Hochschule Iserlohn, dernieft ass Si Member vum Lenkungsausschuss vum Pertersburger Dialog.

Enregistréiert den 11. Mee 2017 am Trifolion zu Iechternach, fir den 100,7 verschafft vum Carlo Link.

 

Rezent Emissiounen

  • Les Rendez-Vous de L'UNESCO

    Digital Mënscherechter

  • Les Rendez-vous de l'UNESCO

    Fir eng méi wëssenschaftlech Kultur ... an eng méi kulturell Wëssenschaft

  • Archives et démocratie

    Den néngten Archivdag, organiséiert vum Veräin vun den Lëtzebuerger Archivisten Asbl, kuerz VLA.

  • Die Neuentdeckung des Himmels

    "Auf der Suche nach fremden Welten und fremden Lebenwesen"

  • Forum Z - Visualising history

    Historesch Molereien, 3D-Rekonstruktiounen, virtuelle Welten a Zäitmaschinnen

  • Les Rendez-vous de l'UNESCO

    "Through the Looking Glass" - Iwwerleeungen a Geschichten zum Thema Fraen a Fotojournalismus

  • Europa - wat en Theater

    Am Virfeld vun den Europawahlen diskutéiere Lëtzebuerger Kënschtler iwwer Europa.

  • Les Rendez-Vous de l'UNESCO

    "A la découverte du patrimoine juif du Luxembourg", e Virtrag vum vum 3. Dezember 2018 vum François Moyse.

  • ForumZ - Who's afraid of the digital?

    Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

  • Lemminge, Schneeeulen und Eisbären

    Vom Leben in der Arktis im Griff des Klimawandels. Eng Konferenz vum Dr. Benoît Sittler de 6. November 2018 am Natur Musée am Gronn (MNHN).

  • Luxembourg Art Week 2018

    "Le musée à l'époque contemporaine", mat der Suzanne Cotter, Mudam Luxembourg an der Emma Lavigne, Centre Pompidou-Metz

  • Luxembourg Art Week 2018

    "Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", mam Curateur a Konschthistoriker Enrico Lunghi.

  • Luxembourg Art Week 2018

    "Le marché de l'art en surchauffe", mat der Georgina Adam, Autorin a Jounalistin bei der Financial Times - The Art Newspaper

  • Den Talk Radio Day am Mudam

    Zum Thema "Den Design als Lien tëschent Handwierk an Industrie" haten um Talk Radio Day am Mudam Kreativer interessant Aussoe gemaach.

  • ForumZ - Lost Memories of World War 1

    Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen