Land, Brout, Fridden

Renée Wagener

Déi Russesch Revolutiounsbewegung riicht sech géint brutal an ongerecht Regierungsmethoden, géint Krich, Honger an Exploitatioun; amplaz fuerdert si Grondrechter, eng Landreform a Regierung duerch d'Vollek. Beliicht gi souwuel d'Hoffnungen, déi op d'Signalwierkung vun der Russescher Revolutioun gesat goufen, wéi déi reell Konsequenze vun der Revolutioun op déi sozial a politesch Verhältnisser hei am Land.

Foto (v.l.n.r.): Renée Wagener, Frédéric Krier, Ali Ruckert, Denis Scuto, Tun Jost, Stéphanie Kovacs, Claude Mangen.

D'Bedeitung vun der Russescher Revolutioun fir Lëtzebuerg

Den Honger huet d'Leit op d'Strooss gedriwwen, mä et goung ëm méi, wéi ëm d’Kuuscht: Wéi a Russland d'Bäckereie gestiermt goufen, wéi déi kleng Leit hir Aarbecht niddergeluecht hunn an d'Arméi net méi bereet war, den Uerdere vum Zar ze follegen, war d'Zil och, engem erofgewirtschafteten, absolutistesche Regime en Enn ze setzen. Wéi déi eng awer nach demokratesch Reforme wollten duerchzéien, hat fir déi aner schonn d'Stonn vum Proletariat geschloen: Russland war dat éischt Land, dat de kapitalistesche System radikal ofgeschaaft huet an e komplett neie Wee wollt goen.

D'Signaler vun der Revolutioun goufen och a Westeuropa gehéiert, si huet d'Hoffnunge vun der Aarbechterbeweegung op e bessere Wirtschaftssystem gestäerkt. Wéi waren d'Reaktiounen op d'Russesch Revolutioun zu Lëtzebuerg? Wéi hunn déi verschidden ideologesch Stréimunge sech dozou verhalen? Wéi eng Wierkung hat d'Revolutioun op d'Diskussioune ronderëm en neit Lëtzebuerg, dat nom Krich sollt entstoen?

Doriwwer hu Fachleit aus der Lëtzebuerger Geschichtsfuerschung de 24. Abrëll am Neimënster diskutéiert, op Invitatioun vum Institut Pierre Werner, der woxx an dem radio 100,7:
• Tun Jost, Member vun déi Lénk, Publizist, fuerscht zur Escher Lokalgeschicht
• Dr. Stéphanie Kovacs, Historikerin vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik
• Dr. Frédéric Krier, Member vun der Geschäftsféirung vum OGBL, Historiker
• Aly Ruckert, President vun der KPL, Parteihistoriker
• Dr. Denis Scuto, Ass.-Prof. am Zentrum fir Zäitgeschicht vun der Uni Lëtzebuerg

Moderatioun: Claude Mangen (radio 100,7), Renée Wagener (woxx)

Rezent Emissiounen

  • Kommunismus an Natioun

    D'Revolutioun als nationalen oder internationale Projet? Eng ëmstridde Fro an der Gauche.

  • Reform oder Revolutioun?

    D'politesch Parteien haut an d'Ierfschaft vun 1917. Ëffentlech Table ronde, organiséiert vu radio 100,7 an der Wochenzeitung woxx.

  • Eng revolutionär Verfassungsreform

    De Lux Heuschling an de Michel Dormal diskutéieren iwwert d'Aarbechten zur Lëtzebuerger Verfassungsrevisioun vun 1917 bis 1919.

  • Zesumme géint de Krich?

    Land, Brout a Fridden - dat waren d'Versprieche vun der Russescher Revolutioun. Mä mam Fridden hat de Sozialismus e schwieregt Verhältnis.

  • De grousse Juni-Streik vun 1917

    Géint Honger an Ausbeutung huet sech am Éischte Weltkrich eng nei Gewerkschaftsbeweegung gebilt. Et koum zum Streik an der Stolindustrie.

  • Reform oder Revolutioun?

    Wat huet d'Opkomme vum Kommunismus fir d'Sozialdemokratie bedeit? Doriwwer diskutéiert d'Renée Wagener mam Änder Hoffmann a Régis Moes.

  • D'Bedeitung vun der Russescher Revolutioun fir Lëtzebuerg

    Fachleit aus der Lëtzebuerger Geschichtsfuerschung diskutéieren ënnert der Moderatioun vu radio 100,7 a woxx.

  • D'"Weltrevolutioun": eng Hoffnung fir d'Lëtzebuerger Aarbechterschaft?

    Wéi waren 1917 d'Reaktiounen zu Lëtzebuerg op d'Februar-Revolutioun a Russland? E Gespréich mat den Historiker Ben Fayot an Henri Wehenkel.

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • radio 100,7: Changement à la tête de la rédaction musicale

    M. Yves Stephany a été nommé à la tête de la rédaction musicale de la radio de service public radio 100,7. M. Stephany, 37 ans, y prend la relève de M. Fred Medernach qui a fait valoir ses droits à la retraite.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen