Backstage

Philippe Hansen Marc Clement

Lëtzebuerg huet eng aktiv a villsäiteg Musekszeen. All Dag kann een iergendwou am Land e Concert lauschtere goen. A quasi all Woch kommen nei Verëffentlechungen aus deene verschiddenste Genre vun der amplifiéierter Musek eraus. De radio 100,7 invitéiert an dëser Emissioun Museker, déi iwwer hir aktuell Projete schwätzen, an déi multikulturell Realitéite vu Lëtzebuerg musikalesch illustréieren.

Jérôme Klein a Sun Glitters

Déi nei Single vum lëtzebuergeschen Elektroniker Sun Glitters ass gläichzäiteg den Teaser vun engem drëtten Album, deen de 26. Mee erauskënnt. De Marc Clement huet sech mam Victor Ferreira alias Sun Glitters iwwert déi nei Scheif an hire Release ënnerhalen.  

De 25. Mee presentéiert de Jérôme Klein en neie Projet um Like a Jazz Machine Festival zu Diddeleng. Den Jamie Reinert hat de Multiinstrumentalist am Gespréich. 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Franséisch Presidentiellen 2017

    De 7. Mee ass den zweeten Tour vun de Presidentschaftswahlen a Frankräich. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeuë vun dëse Wahlen.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen