De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.
Globus
Krich géint Drogen op de Philippinnen
De Rodrigo Duterte huet sech virun allem wéinst sengem Krich géint Drogen international en Numm gemaach. En haarde Cours vis-à-vis vun der Kriminalitéit, ass dat mannst wat een iwwert seng Politik ka soen. Hie gräift radikal géint d'Drogekriminalitéit duerch an ëmgeet hei üblech gesetzlech Prozeduren a Geriichtsuerteeler. D'Kyra Fischbach iwwert déi aktuell Lag op de Philippinnen.
Rezent Emissiounen
-
De Succès vum Salafismus an Afrika
D'saudescht Kinnekshaus a säi reliéis-ideologeschen Apparat ass aktiv um afrikanesche Kontinent, fir do säi reliéisen Afloss auszedehnen.
-
Ethnesch-politesch Spannungen am Kenia
Zënter der Onofhängegkeet am Kenia ginn et ëmmer nees ethnesch-politesch Spannungen a Gewaltausbréch.
-
Politesch Skandaler am Peru
Als Konsequenz vum Odebrecht-Korruptiounsskandal huet de peruanesche President Pedro Pablo Kuczynski missen ofdanken.
-
De Schratt duerch déi gëllen Dier
Et steet ausser Fro, datt de russesche President Wladimir Putin e Sonnden an de Presidentschaftswahlen zeréckgewielt gëtt. Mä wie sinn déi aner?
-
Waasser als politescht Drockmëttel a Palestina
D'palestinensesch Bevëlkerung am Westjordanland an an der Gazasträif leit ënner akutem Waassermangel - an dat obschonn et genuch Reservë ginn.
-
Ondemokratesch Presidentschaftswahlen an Ägypten
Fir d'zweete Kéier zënter dem Militärcoup vun 2013 sinn an Ägypten Presidentschaftswahlen. Vun engem demokratesche Prozess kann ee bei de Wahlen awer net schwätzen.
-
Ee Konflikt, dee bis haut nach net geléist ass
Viru 26 Joer hunn armenesch Zaldote méi wéi 150 Zivilisten am Duerf Khodjali ëmbruecht.
-
Weltverschmotzung a sozial Konflikter
A wéi wäit spillt déi industriell Verschmotzung eng Roll a sozialen a politesche Froen?
-
Saudi-Arabien am Wandel
Fir ze verstoen, wat sech hannert dem Wandel a Saudi-Arabien verstoppt, muss ee sech ukucken, wien de Krounprënz Mohammad Bin Salman ass.
-
Op Afrikatour: wéi funktionéiert d'Flüchtlingskris?
Den Ausseminister Jean Asselborn an eng Lëtzebuerger Delegatioun hu sech an Tunesien, Libyen an Niger e Bild gemaacht vun der Flüchtlingskris.
-
Tierkeschen Ugrëff op Kurden
Zënter dem 20. Januar steet den nordsyresche Kanton Afrin ënnert Beschoss vun der tierkescher Arméi.
-
GOSVSAT-1
De Govsat-1 ass am Weltraum ukomm. 30 Joer nom Lancement vum Lëtzebuerger Astra 1A Satellit schwätzt d'Regierung elo vun engem neie Kapitel.
-
Politesch Onrouen am Iran
Am Dezember 2017 goufen et politesch Demonstratiounen am Iran, wou méi wéi 24 Leit ëm d'Liewe komm sinn. Wat sinn d'Grënn fir dës Protester?
-
Déi global Flüchtlingssituatioun
D'Flüchtlingsagence vun der UNO schwätzt vu 17 Milliounen deplacéierte Mënschen eleng am subsaharaeschen Afrika.
-
Iwwer 20 Staate weltwäit hunn d'Doudesstrof nach
E politescht Instrument an den Hänn vun deenen, déi d'Muecht hunn?
Programm
-
Noriichten
-
On air
Moies-Magazin
-
Noriichten
-
-
Panorama
-
Iwwer Mëtteg
-
Key to Classics - Amerika entdeckt déi symphonesch Musek
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen