Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

D'Rout Kräiz lancéiert een dréngenden Appell un hir Bluttspender

Et ass eng Situatioun, déi sech och well an de leschte Jore an de Woche virun der grousser Vakanz presentéiert huet, d'Bluttstocke vum Roude Kräiz ginn drastesch erof, well vill vun de SpenderInne schonn an der Vakanz sinn. Aus deem Grond lancéiert de Centre de Transfusion Sanguine een dréngenden Appell un d'Donneuren, fir nach haut a muer am Centre de Transfusion Sanguine um Lampersbierg fir eng Bluttspend ze passéieren.

Rezent Emissiounen

  • Keng Finall fir de Bob Bertemes zu Doha

    19,89 Meter an der Qualifikatioun op de Weltmeeschterschaften zu Doha si fir de Lëtzebuerger Kugelstousser net duer gaange fir an d'Finall.

  • Demonstratiounen am Irak

    Wéi eng Hannergrënn hunn déi bis ewell gréissten Demonstratioune géint d'Regierung vum Adil Abdul-Mahdi?

  • 11èmes journées nationales de prévention du suicide

    Um éischten Dag muer ass eng Konferenz mam Stefan Lange: Du suicidaire au sauveur de vie? Quelle ouverture d'esprit est tolérée à propos du suicide?

  • Kresslafwirtschaft am Bauwiesen

    Den OAI a Luxinnovation invitéieren op eng Diskussioun rondërem d'Thema Kreeslafwirtschaft am Bausekteur.

  • Dräi Méint nom Regierungswiessel zu Athen

    Dräi Méint ass d'Regierung vum Tsipras-Nofolger Kyriakos Mitsotakis elo al. Wat ass bis elo geschitt? E Gespréich mat eiser Griichenland-Korrespondentin. 

  • Optakt vun der Rentrée um Belval

    Wéi war d'Rentrée op der Uni.lu, wat soen d'Studenten zum Campusliewen, a wat sinn déi neiste Verännerungen? 

  • E gudden demokratesche Moment

    Dëser Deeg ginn déi designéiert nei EU-Kommissäre vum Europaparlament gehéiert. E wichtegen Exercice, fënnt den RTBF-Chroniqueur Olivier Hanrion.

  • Internet gespaart a brutal Repressioun vu Protester am Irak

    D'Manifestatioune géint d'Regierung am Irak fuerdere méi Aarbechtsplazen an Transparenz.

  • Muba féiert zéng Joer dëse Weekend

    Muba steet fir Musikbazar.lu. Hei fënnt all Musek Interesséierten Häerz wat begiers de.

     

     

  • Politesche Wocheréckbléck: Affär Traversini

    D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg steet wéinst der Autorisatioun fir dem Roberto Traversini säi Gaardenhaus ënner Drock.

  • Brexit - Nouvelles propositions

    Dans une lettre envoyée à plusieurs leaders européens, Boris Johnson expose ses nouvelles propositions pour trouver un accord.

  • Sträit am Wëmper Gemengerot

    D'Gemengerotssëtzung war knapps lassgaangen, du ass et zum Sträit komm.

  • Andropause, d'Wiesseljore bei de Männer

    Eng Serie mam Dokter Serge Ginter vum Centre de Gynécologie et de Reproduction & Centre de Ménopause

  • Déi lescht mediterran Mönchen

    D'Mönchsrobben, déi am Mëttelmier doheem sinn, si mat déi bedrohtste Mamendéieren a ganz Europa. Vun de geschate 600 Individuen, déi et am Mëttelmier ginn, soll bal d'Halschent vun hirer Populatioun a griichesche Gewässer liewen.

  • Zwee Joer nom Referendum

    Den 1. Oktober 2017 huet Katalonien an engem unilateralen Referendum iwwer seng Onofhängegkeet ofgestëmmt. Gëschter koum et zu Manifestatiounen, Akten a Revendicatiounen.

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen