De Manuel Ribeiro luusst hannert d'Kulisse vun der Lëtzebuerger Militärmusek, déi vill méi wéi en Defilésensembel ass. Wéi ass d'MusMil entstanen a wéi entwéckelt si sech virun? Dëst a méi verroden eng Hellewull vu Gespréichspartneren, ë. a. de Colonel a Chef d'Etat-Major adjoint Alain Duschène, de Chef vun der Militärmusek Jean-Claude Braun, säin Adjoint de Christian Kirpes, d'Museker Ernie Hammes, David Ascani, Niels Engel, Michel Meis, Stéphanie Schlink, Tim Kleren an de President vun de Frënn vun der Militärmusek Josy Lorent (FVMM).
175 Joer Militärmusek
Wéi fonctionnéiert den Orchester?
An der éischter Emissioun hate mer geschichtlech zeréckgebléckt an hu gekuckt, wéini a firwat d'Militärmusek an d'Liewe geruff gouf. De Colonel Duschène, Chef adjoint vum Etat-Major, huet eis genee erkläert, wéi eng Wichtegkeet den Orchester als Arméisdepartement huet a wéi de Statut dervu festgeluecht ass. Haut kucke mer op de Fonctionnement vum Militärorchester zesumme mat sengem Chef, dem Majouer Jean-Claude Braun. Wat ass d'Besetzung, wat ass de Repertoire, wéi eng Komponiste gi gespillt, bei wéi enge Geleeënheete gëtt den Ensembel agesat?
Rezent Emissiounen
-
D'Frënn vun der Militärmusek
Concerten a Budgete fir CD Opnamen organiséieren, Solisten a Gaaschtdirigenten engagéieren: vill Grënn, firwat d'Miltärmusek d'FVMM brauch.
-
Museker mat villen Talenter
Militärmuseker, mee och Talent fir aner Gattungen.
-
Jazz an Uniform
D'Big Band vun der Militärmusek an hire Leader, den Ernie Hammes
-
Ensemblen vun der Militärmusek
D'Aufgabe vum Chef adjoint vun der Militärmusek an déi verschidden Ensembelen vum groussen Orchester
-
Wéi fonctionnéiert den Orchester?
-
Net nëmme fir Paraden zoustänneg
Wat sinn d'Haaptaktivitéite vun der Militärmusek?
Dossieren
-
CinÉast 2017
Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.
-
Gemengewahlen 2017
Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.
Communiquéen
-
Literaturlabo 7: Bilan
En Donneschdeg, 7.12. um 19:00 am Institut Pierre Werner
-
Offre d'emploi
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle recrute un(e) technicien(ne) radio.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen