New Cotton Club

Am Cotton Club zu Manhattan hunn an den 1920er a 30er Joeren all déi grouss bekannten afroamerikanesch Jazzmuseker an Entertainer gespillt: vum Duke Ellington mat Band bis zum Cab Calloway.
An dësem Nightclub op der Affiche ze sinn huet de Bekanntheetsgrad vun engem Kënschtler oder enger Band no uewe katapultéiert.
Eisen New Cotton Club inspiréiert sech musikalesch un dëser Zäit mat hire groussen Danz-Orchesteren a Big Bands. An dëser Emissioun spille mer net nëmme Musek aus dëser gëllener Swing-Zäit mä och Smoothy Jazz a Big Band Musek vun haut.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Big Band vun der lëtzebuerger Militärmusek

Tribute to: Big Band Militärmusek

175 Joer Militärmusek a geschwënn Nationalfeierdag sinn zwee gutt Grënn, fir eng Stonn d'Big Band vun der Militärmusek ze héieren, mat Standarden an och eege Kompositiounen. Jazzvocals däerfen och net feelen. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

  • Franséisch Presidentiellen 2017

    De 7. Mee ass den zweeten Tour vun de Presidentschaftswahlen a Frankräich. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeuë vun dëse Wahlen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen