Klassik Live

De radio 100,7 iwwerdréit live aus Concertssäll. Zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus.

Ravel a Schostakowitsch

1953, am Doudesjoer vum Josef Stalin, schreift den Dimitri Schostakowitsch seng 10. Symphonie. Si ass den Ausdrock vun den Ängschten, déi de Komponist ënnert dem Stalin-Regime auszestoen hat. Haut den Owend spillt de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg dem Dimitri Schostakowitsch seng 10. Symphonie - ee Concert, deen de radio 100,7 zesumme mat SR2 Kulturradio live aus der Philharmonie iwwerdréit.  Am éischten Deel erliewe mir den Artist in residence vun der Philharmonie, de Pianist Stefano Bollani. Hie spillt dem Maurice Ravel säi Pianosconcerto. 

Presentéiert vum Guy Engels.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen