World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

The Souljazz Orchestra (press photo by Jean-Claude Batista / souljazzorchestra.com)

World goes Afrobeat

Ënnert dem Afloss vum 1997 verstuerwene Fela Kuti ass an de siwwenzeger Joren eng ganz aktiv a politesch engagéiert westafrikanesch Musekszeen entstan, wou Funk, Soul an eng gutt Portioun Jazz mat Rhythmen aus Nigeria a Ghana verschmolz sinn. De Fred Medernach presentéiert Vertrieder vun der neier Afrobeat-Generatioun, déi sech mëttlerweil zu London an an Nordamerika etabléiert hunn: The Souljazz Orchestra, Antibalas Afrobeat Orchestra oder och den Dele Sosimi, ex-Egypt 80-Keyboarder beim Kuti, zesumme mam London Afrobeat Collective. E Sound, dee vu ville Perkussiounen, Bass a Bléiser ugedriwwe gëtt an deem seng afrikanesch Rhythmen omnipresent sinn.

Op der Playlëscht:

  1. The Souljazz Orchestra - Mr. President
  2. The Souljazz Orchestra - Mojuba
  3. The Souljazz Orchestra - Freedom No Gonna Die
  4. London Afrobeat Collective - Agbajo Owo
  5. London Afrobeat Collective - Makele
  6. Bronx River Parkway - Me Toca
  7. Antibalas Afrobeat Orchestra - Elephant 

Rezent Emissiounen

  • Oumou Sangaré

    D'Sängerin aus dem Mali ass 2017 als Weltmusek-Artist of the Year gewielt ginn - eng Stonn mat exklusive Live-Opnamen a Kooperatiounen.

  • Der Ferne Osten

    Musikalische Station in Tibet, China, Japan und Korea, bei Yungchen Lhamo, der großen Stimme Tibets, die vom Dach der Welt über das Himalaya zu Fuß nach Indien floh.

  • Richard Bona & Mandekan Cubano live

    Afrika begéint der Karibik: de Bassist/Sänger aus dem Kamerun zesumme mat fënnef kubanesche Museker, opgeholl d'lescht Joer an der Schwäiz.

  • Mexico

    Eine musikalesche Reise nach Mexico zu seinen Pyramiden, Tropenstränden, einsamen Wüsten, Ruinenstädten, Fischerdörfern, Kiefernwälder und seiner Musik.

  • Fatoumata Diawara

    Gebierteg vun der Côte d'Ivoire, doheem am Mali: d'Fatoumata Diawara ass den 23. Mäerz mat hirem Quintett an der Philharmonie z'erliewen. Och an dëser Stonn derbäi: "No Borders", dee leschten Album vum Südafrikaner Hugh Masekela, deen dësen 23. Januar verstuerwen ass.

    Presentéiert vum Fred Medernach.

  • Tangomania - vun Argentinien bis Finnland

    Tango an Argentinien - dës Kombinatioun schéngt kloer ze sinn. Mee et gëtt se och soss op der Welt ...

  • Flavia Coelho live at Radio France

    D'Brasilianerin trëtt den 3. Mäerz an der Escher Kulturfabrik op. Radio France huet si am Oktober d'lescht Joer zu Paräis opgeholl.

  • Afro & Karibik

    Latin-Jazz trëfft op Rhythmen aus dem Mali, déi gemeinsam historesch Vergaangenheet an Nouten ...

  • Klezmer-Musek

    "Daniel Kahn & painting bird " an "Voices of Ashkenaz" sinn haut Programm.

  • Aline Frazao in concert

    Déi gebierteg Angolanerin on tour mat hirem Album "Insular"

  • Amazones d'Afrique

    Staark Fraestëmme vum afrikanesche Kontinent, gebëndelt an enger Zort Superformatioun

  • Button Box

    Keltesch Téin vum diatoneschen Akkordeon

  • Celtic New Year

    Eng musikalesch Rees duerch d'keltesch Welt, ugefaangen an Irland, mat der Endstatioun Galizien

  • Schnéi vu gëscht an haut

    D'Thema 'Schnéi' ass en Dauerrenner an der Musek - an dat uechter déi ganz Welt ...

  • Djembé & Dunun @ Lolamba Diddeleng

    E grousse Meeschter vum Djembé a Frankräich ass den Gilbert Elion, deen och zu Diddeleng Course gëtt.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen