World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

The Souljazz Orchestra (press photo by Jean-Claude Batista / souljazzorchestra.com)

World goes Afrobeat

Ënnert dem Afloss vum 1997 verstuerwene Fela Kuti ass an de siwwenzeger Joren eng ganz aktiv a politesch engagéiert westafrikanesch Musekszeen entstan, wou Funk, Soul an eng gutt Portioun Jazz mat Rhythmen aus Nigeria a Ghana verschmolz sinn. De Fred Medernach presentéiert Vertrieder vun der neier Afrobeat-Generatioun, déi sech mëttlerweil zu London an an Nordamerika etabléiert hunn: The Souljazz Orchestra, Antibalas Afrobeat Orchestra oder och den Dele Sosimi, ex-Egypt 80-Keyboarder beim Kuti, zesumme mam London Afrobeat Collective. E Sound, dee vu ville Perkussiounen, Bass a Bléiser ugedriwwe gëtt an deem seng afrikanesch Rhythmen omnipresent sinn.

Op der Playlëscht:

  1. The Souljazz Orchestra - Mr. President
  2. The Souljazz Orchestra - Mojuba
  3. The Souljazz Orchestra - Freedom No Gonna Die
  4. London Afrobeat Collective - Agbajo Owo
  5. London Afrobeat Collective - Makele
  6. Bronx River Parkway - Me Toca
  7. Antibalas Afrobeat Orchestra - Elephant 

Rezent Emissiounen

  • Vun Afrika bis an d'Karibik an zréck

    Statiounen a Ghana, Mozambique, Simbabwe, Senegal, Kamerun, Jamaika, Haiti, Puerto Rico a Kolumbien ... ier et erëm zréck an de Mozambique geet.

  • Japan

     Eng musikalesch Rees mat 6852 Inselen

  • Atlântico & World an der Philharmonie

    E Bléck op d'Saison 2017/2018 mat lusophon, arabesch an afrikanesch Musek

  • Auf keltischen Spuren

    Eng musikalesch Rees vu Gallizien bis erop op déi britesch Insel

  • Arabian Groove

    An der jonker arabescher Musekzeen bougéiert et, bei villen Interpreten komme sech Orient an Occident dobäi ganz no - net onëmstridden ...

  • Afrikanesch Heldinnen

    Staark Fraen, staark Stëmmen, stark Kompositiounen ... alles vum afrikanesche Kontinent

  • Musikalesch Tapas

    Nei Produktiounen aus de spuenesche Regiounen mat engem Ofstiecher bis an de Chile

  • Mëttel- a Südamerika an Nouten

    Eng musikalesch Rees vu Kolumbien iwwer Panama a Venezuela bis Peru.

  • Folk From Finnland

    Nei Produktiounen aus Finnland, wou Traditioun mat Modernem zesummefléisst.

  • Ozeane

    Lidder iwwert d'Mier an d'Waasser, déi Länner trennen ... awer och e Wee bidden, fir bei deen Aneren ze reesen.

  • Cabo Verde

    Musek vun den Inselen aus dem Atlantik, mat groussen Nimm a Vertrieder vun der neier Generatioun.

  • Griicheland an d'Tierkei

    Zwee Nopeschlänner, zwou Kulturen ... an dacks Bezéiungen, déi (politesch) net déi allerbescht sinn. Mir vereenen déi zwee Noperen haut musikalesch.

  • Anouar Brahem special

    Den tunesesche Komponist a Museker a Wierder an Nouten: seng Wierker, Aflëss an Inspiratiounen, begleet vun Extraiten aus senger Diskographie.

  • World lusophon

    Eng Stonn Musek aus dem portugiseschsproochege Raum

  • Pura Vida - Eng Rees queesch duerch Costa Rica

    Costa Rica begeeschtert duerch seng Diversitéit. Nieft der diverser Flora a Fauna fënnt een hei och ganz vill verschidde Museksgenren.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen