Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Mam Debutalbum beim Kultlabel Nuclear Blast

Forever Still

Forever Still heescht déi Band, déi ech iech haut presentéieren, oder besser gesot, déi ech haut am Inerview hunn. Forever Still sinn eng jonk dänesch alternative metal Band, déi réischt een Album dobaussen hunn, ma mat deem si direkt bei Nuclear Blast gesigned goufen. Si ware virun e puer Woche mat Children of Bodom am Atelier an do hunn ech mat der Frontfra Maja en Interviwe gemaach.

Release vun der Woch: God Dethroned - The World Ablaze (8/10)

 

Vill  Fans dierften 2012 enttäuscht gewiescht sinn, wéi déi hollännesch Death Metal Legende vu God Dethroned e Schlussstréch ënnert hir Carrière wollten zéie a mat Under The Sign Of The Cross hire viraussiichtlech leschten Album erausbruecht hunn. Ma net allzelaang huet et gedauert, bis de Frontmann Henri Sattler d'Loscht op e Liewen ouni Musek nees vergaangen ass a seng Bandkollegen nees zesummegetrommelt huet fir 2014 nees den een oder anere Gig ze spillen. Et sollt awer bis Enn 2016 daueren, bis d'Band ugekënnegt huet, dass och e weideren Album soll erauskommen. A mat A World Ablaze, deen elo déi nächst Woch e Freideg bei Metal Blade erauskomm, hu si genee déi Ukënnegug agehal.

The World Ablaze fänkt geee do un, wou de Virgänger opgehalen huet, esouwuel stilistesch wéi och thematesch. Et ass nämlech den drëtten Deel vun enger Trilogie iwwert den éischte Weltkrich, dee God Dethroned mat den zwee vireschten Albumen ugefaangen huet. A genee wéi och op Under The Sign Of The Cross fënnt een op The World Ablaze rau Aggressivitéit gemixt mat emotionale Leads, wonnerbar atmosphäreschen Harmonien an immens catchy Hooks, déi direkt nom éischte Lauschteren am Kapp bleiwen.

Den Ufank vum Album mécht A Call To Arms, e luesen Intro mat enger gäiler Atmosphär an enger bewegender Melodie, déi direkt hänke bleift an awer zimlech séier duerch e Kanouneschoss ënenrbrach gëtt, fir dann an den éischte richtegen Track Annihilation Crusade iwwerzegoen, en Track mat gallopéierende Riffer à la god Dethroned, räissender Atmosphär a brutalem awer präzisem Drumming.

Am Titeltrack geschitt genee dat selwecht, just dass dësen nach e Krack méi melodiéis ass. Dës melodesch harmoniéis Linnen an déi wonnerbar Atmosphär sinn och präsent an de Stécker wéi On The Wrong Side Of The Wire oder dem méi doomegen The 11th Hour, währenddeem d'Brutalitéit an d'Massivitéit an de méi gëftegen Tracks wéi Close To Victory, Messina Rage oder Breathing Through Blood ervirstécht.

Nieft der brutaler Aggressivitéit oder de méi luese melodiéise Passagen gëtt et awer och mol méi doomeg, düster an intensiv Momenter; sou z. B. an de Stécker Königsberg oder Escape Acros The Ice, e groovegt Stéck, an deem d'Geschicht vun der wäisser Arméi erzielt gëtt, déi sech während dem Biergerkrich am kommunistesche a Russland géint d'bolschevistesch Partei gewiert hunn.

E weidere positiven Aspekt ass mat Sécherheet d'Produktioun, ëm déi sech den Dan Swanö gekëmmert huet. A säi Resumé vum Album trëfft et op de Punkt: Den Album ass eng groussaarteg Kombinatioun aus verschiddenen Tempoen a Stiler, ausgefouert mat brutaler Perfektioun, catchy Chorussen a memorable melodeschen Hooks.

Playlist

Entombed - Left Hand Path

Dying Fetus - Fixated On Devestation

Forever Still - Break The Glass

Diabulus in Musica - Lies In Your Eyes

Alestorm - Alestorm

Below - Disappearing Into Nothing

God Dethroned - Annihilation Crusade

Cut Up - Behead The Dead

Airbourne - It's All For Rock N' Roll

Rezent Emissiounen

  • Shadowhispers & Asathor

    Am Interview sinn d'Shadowhispers an Asathor.

  • Kitshickers & The Majestic Unicorns From Hell

    Am Interview sinn d'Kitshickers an d'Majestic Unicorns From Hell, déi Enn dës Mounts eng Split EP erausbréngen.

  • Strigoi

    Am Interview ass de Greg Mackintosh. Riets geet iwwert säin neie Projet Strigoi.

  • Borknagar

    Am Interview ass de Frontmann vun der Progressiver Black Metal Band Borknagar.

  • Thomas Koenig

    Am Interview ass den 100,7-Philosoph Thomas Koenig, dee sech och mat Metal auserneesetzt - awer ebe philosophesch.

  • Metal Meltdown

    Am Interview ass dës Kéier de Frontmann vun Inhuman Rampage, Patrick Wagener

  • Opeth - Martin Axenrot

    Am Interview ass den Drummer vun Opeth, de Martin Axenrot.

  • Metal Meltdown

    Aktuelles aus der Welt vum Metal

  • Metal Meltdown

    Neie Metal an der haartster Sendung vun der Woch

  • Metal Meltdown

    Neits aus der Welt vun de méi haarden Téin

  • Suicidal Angels

    Am Interview dës Woch: De Frontmann vun de Suicidal Angels, Nick Melissourgos.

  • Entombed A.D.

    Dës Kéier am Interview ass de charismatesche Frontmann vun Entombed AD, d'Death Metal Legend LG Petrov.

  • Opeth - Martin Méndez

    Am Interview ass de Bassist vun Opeth, de Martin Méndez. Och hei geet et natierlech virun allem ëm den neien Album "In Cauda Venenum".

  • Opeth - Mikael Åkerfeldt

    Am Interview ass de Mastermind vun Opeth, de Mikael Åkerfeldt. Et geet virun allem rieds iwwer den neien Album "In Cauda Venenum".

  • Thousand Lakes

    Am Mëttelpunkt steet deen neien Album vu Thousand Lakes. Am Interview sinn dofir de Gittarist Jerome an de Sänger Rony.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen