Globus

D’Serie Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. Wichteg ass et dem Nathalie Oberweis, Kyra Fischbach a Charlotte Bruneau, fir d’Konflikter méi déif z’erfuerschen: Stëmme vum Terrain zu Wuert kommen ze loossen, déi verschidden Interessien a Verflechtungen z’entbléissen an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun ze weisen.

Copyright GRIP Bruxelles 2017.

"Afrika muss sech selwer denken"

Aus enger verstäerkter urbaner Mëttelschicht sinn a bal all den afrikanesche Länner Beweegungen entstanen, déi sech fir eng Verännerung asetzen. D'Contestatiounsmouvementer setze sech fir méi Demokratie an. Si fonctionnéieren anescht wéi dat, wat et bis elo gouf a weisen trotz Ënnerscheeder an de verschiddene Länner, eng Partie Gemeinsamkeeten op. Parallel dozou hu sech Denker, Schrëftsteller an Akademiker zesummegesat, fir Afrika nei ze denken. 

"Aucun futur n'est envisageable si les Africains ne pensent pas par eux-mêmes et pour eux-mêmes leur présent et leur devenir." Dat si Wierder vum senegalesesche Philosoph an Ekonomist Felwine Sarr a sengem Essai Afrotopia. De Felwine Sarr, deen Ekonomiesprofesser op der Universitéit Gaston Berger zu Saint Louis am Senegal ass, setzt sech fir eng Dekolonialiséierung vum Geescht an, dat heescht, hie setzt sech a fir d'Sprooch, d'Bildung an de Bléck op sech selwer ze dekolonialiséieren. De kongolesesch-belsche Rapper Baloji huet et esou gesot: "Reproduire les schémas coloniaux. Tout ceci ne sauvra pas le Congo."

D'Kyra Fischbach huet sech mat dësen neie Beweegungen an Afrika auserneegesat.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle recrute un technicien radio (m/f).

  • radio 100,7 renforce sa rédaction

    Mme Christina Heidt et M. Maurice Molitor rejoignent la rédaction d'actualités de la radio de service public.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen