Zu Miersch ass dës Woch déi nei Ausstellung "Literarisches Leben - Aufbewahrt! Selbstzeugnisse, Dokumente, Objekte" opgaangen, eng Expo, déi d'literarescht Liewen unhand vun aneren Objete weist wéi dem Buch, dem Wierk selwer. Eng ganz aner Duerstellung vun deem, wat sech hannert der Literatur am éischte Sënn vum Wuert verstoppt, well et zu de ganz perséinlechen Objete vun engem Auteur gehéiert, deemno wéi als net relevant ugesi gouf, oder am Archiv läit an net sou dacks zum Virschäi kënnt. Dobäi sinn et just dës Archivalien, déi der Fuerschung an dem Public ganz vill iwwert e literarescht Liewen, souwuel vum Auteur, wéi vu sengem Wierk, kënnen erzielen, an dann och d'Literatur per se kann an e ganz anere Bléckwénkel setzen. Op Visite guidée mam Claude D. Conter, dem Direkter vum nationale Literaturarchiv, duerch d'Show "Aufbewahrt - à conserver" war d'Nathalie Bender.
arrow_back_ios
Kultur
Literarisches Leben - Aufbewahrt!
Episoden

Optakt Filmfestival vu Cannes
Déi 78. Editioun vum Festival de Cannes start haut den Owend. Mir maachen de Point.

Der Carine Krecké hire Projet fir Arles 2025
Op der Grenz tëschent Documentaire a visueller Konscht

Klassik Live: der fliegende Holländer
Haut den Owend spillen d´Lëtzebuerger Philharmoniker eng konzertant Versioun vum Richard Wagner sengem Fliegenden Holländer, ënner der Baguette vum Tarmo Peltokoski.

Filmkritik: "Hard truths"
De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen dem Englänner Mike Leigh seng nei Tragikomedie, déi aktuell am Kino leeft.

50 Joer OCL
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL feiert seng 50 Joer. Ënnert anerem gëtt dofir de 15. Mee op e Jubilämsconcert an der Philharmonie agelueden.

Eng immersiv Klangdecouverte aus, a fir Lëtzebuerg
“Sonic Investigations” am Lëtzebuerger Pavillon op der Architektur Biennale zu Venedeg
Um Radar: ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.

Ausbléck: "Hairy Situation" vun Alok e Sonndeg am Atelier
No enger schwéierer Kandheet am Texas plädéiert Alok Vaid-Menon mat Poesie a Comedy fir en tolerant Zesummeliewen

Vun der Konscht liewen - mee wéi?
Eng Diskussiounsronn mat der Julie Wagener, der Clio van Aerde, dem Tun Biever an dem Antoine Pohu

“Sonic Investigations” zu Venedeg
Optakt vun der 19. Architektur Biennale zu Venedeg

Mozart a Reger am Dialog
D'Kammerata Luxembourg spillt ee Concert am CAPE zu Ettelbréck, bei deem zwee grouss Komponisten aus verschiddenen Zäiten am Fokus stinn.

Le Coup de Majesté
De 7. Mee owes um hallwer 8 kann een am Kammermusekssall vun der Philharmonie op eng musekalesch Zäitrees goen.

111 Plazen zu Lëtzebuerg, déi ee muss gesinn hunn...
...stellt d'Susanne Jaspers vir an hirem neie Reesguide, deen am Emons-Verlag eraus komm ass.

Batty Fischer: méi wéi e Stater bourgeoise Flâneur mat Fotoapparat
Vu Stroossefotografien zu héichwäertegen Naturopnamen

D'Marcy bereet sech op eng EP-Release vir ...
... an ee Gespréich iwwer déi nei Single "Ida"

Anne-Marie Reuter am Gespréich
Mat hirem Roman "M for Amnesia" ass déi engleschsproocheg Schrëftstellerin d'Laureatin vum Servais-Präis 2025.

Ee musikalescht Freedefeier zum Europadag
Ad Libitum spillt dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek, nieft Vivaldi, Telemann an och manner bekannte Komponisten aus der Zäit vum Barock.

Filmkritik: "Volveréis"
Dës spuenesch Bezéiungs- respektiv Trennungskomedie gouf de leschte Weekend am Grousse Kino beschwat.

Op der Bün: "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "It’s a Scam"
Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker rezenséieren haut déi dräi Theaterstécker "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "It’s a Scam".
