Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

Déi fransésich Komponistin Cécile Chaminade huet während dem Éischte Weltkrich ee Spidol geleet

La Grande Guerre

Och am Éischte Weltkrich hunn d'Komponisten an de Länner, déi an de Krich verwéckelt waren, net opgehalen ze komponéieren. En etlech dervu ware selwer agezunn, an deen een oder anere gouf och blesséiert oder ass leie bliwwen. De franséische Label Hortus huet eng Editioun mat Musek aus där Zäit ugefaangen, déi 2018 soll fäerdeg sinn. De Remy Franck huet e puer Kompositiounen aus dem Programm ausgewielt, Musek, déi ee ganz däischtere Charakter huet oder duerch hir Liichtegkeet e Kontrast zur Realitéit schafen wëll.

  • Rudi Stephan: Musik für sieben Saiteninstrument
  • Erwin Schulhoff: Fünf Grotesken op.21
  • Louis Vierne: Quintette à clavier op.42
  • Cécile Chaminade: Au pays dévasté op.155

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen