Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

Déi fransésich Komponistin Cécile Chaminade huet während dem Éischte Weltkrich ee Spidol geleet

La Grande Guerre

Och am Éischte Weltkrich hunn d'Komponisten an de Länner, déi an de Krich verwéckelt waren, net opgehalen ze komponéieren. En etlech dervu ware selwer agezunn, an deen een oder anere gouf och blesséiert oder ass leie bliwwen. De franséische Label Hortus huet eng Editioun mat Musek aus där Zäit ugefaangen, déi 2018 soll fäerdeg sinn. De Remy Franck huet e puer Kompositiounen aus dem Programm ausgewielt, Musek, déi ee ganz däischtere Charakter huet oder duerch hir Liichtegkeet e Kontrast zur Realitéit schafen wëll.

  • Rudi Stephan: Musik für sieben Saiteninstrument
  • Erwin Schulhoff: Fünf Grotesken op.21
  • Louis Vierne: Quintette à clavier op.42
  • Cécile Chaminade: Au pays dévasté op.155

Rezent Emissiounen

  • Scherzo

    Eng Form aus de Sträichquartetten, Sinfonien a Sonaten, déi sech verselbstännegt huet.

  • D'Eisebunn an der Musek

    D'Eisebunn a speziell d’Damplokomotiven hunn d'Komponiste vum 19. Joerhonnert an hire Wierker inspiréiert a faszinéiert bis haut. 

  • Déierewelt - eng Inspiratioun fir vill Komponisten

    " 't ass Fréijor an d’Vullen déi sinn rëm erwaacht ..." esou heescht et am Michel Lentz sengem Gedicht "D'Margréitchen".

  • Amazonas

    E Programm mat Musek vum Miguel Kertsman (Amazônia), Heitor Villa-Lobos (Amazonas, Uirapuru) a Francisco Mignone (Sinfonia tropical).

  • De Shakespeare an der Musek

    Generatioune vu Komponisten hunn dem englesche Schrëftsteller seng Wierker musikalesch ëmgesat.

  • Vältesdag

    Wéi bei de Blumme ginn et och an der Musek verschidde Faarwen, Formen a Parfumen, wou ee sech beim Nolauschtere kann déi verschiddenst Blumme bildlech virstellen. 

  • Maschinnen a Kompositioun

    Wierker vum Meyerbeer, Copland, Malipiero a Johann Strauss

  • Donnerwieder!

    Donner a Blëtz, Stuerm a Reen: eng musikalesch a meteorologesch Rees.

  • De Claudio Abbado

    E musikalesche  Portrait vum italieneschen Dirigent

  • De Shakespeare an der Musek

    Generatioune vu Komponisten hunn dem englesche Schrëftsteller seng Wierker musikalesch ëmgesat.

  • Neijoersconcert zu Wien

    Wéi eng Traditioun steet hannert dem Neujahrskonzert?

  • London an der klassescher Musek

    London ass eng Stad, déi an der klassescher Musek vill manner thematiséiert gouf, wéi aner grouss Stied an Europa.

  • Fridden

    Wierker vum Händel, Rameau, Johann Strauss, Richard Strauss, Gustav Holst, Gerhard Rosenfeld a Richard Danielpour.

  • Festdeeg

    Musek vu Beethoven, Brahms, Debussy, Massenet, Respighi a Shostakovich.

  • De Wanter

    Schnéi a Sonn, Keelt a Frascht: De Wanter ka Freed maachen, awer och fir Leed an Trauer suergen.

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen