Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

De Béla Bartók a seng Musek

Den ungaresche Komponist a Pianist Béla Bartók gehéiert zu de wichtegste Vertrieder vun der Moderne. Seng musikalesch Wuerzele fënnt hien op Reesen duerch Ungarn. Esou ass et och net verwonnerlech, datt den ungaresche Folklor eng wesentlech Roll a senger Musek spillt. De Romain Kerschen hellt dësen interessante Komponist méi genee ënnert d'musikalesch Lupp.

Dir héiert an der Emissioun folgend Wierker vum Béla Bartók:

  • Für Kinder : Allegretto
  • Mikrokosmos : Gegenbewegung
  • String Quartet Nr. 6: Mesto
  • Music for Strings, Percussion & Celesta: Adagio
  • Piano Concerto Nr. 1: Allegro molto
  • Violin Concerto Nr. 2: Andante tranquillo
  • Concerto for Orchestra: Finale

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen