Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

De Béla Bartók a seng Musek

Den ungaresche Komponist a Pianist Béla Bartók gehéiert zu de wichtegste Vertrieder vun der Moderne. Seng musikalesch Wuerzele fënnt hien op Reesen duerch Ungarn. Esou ass et och net verwonnerlech, datt den ungaresche Folklor eng wesentlech Roll a senger Musek spillt. De Romain Kerschen hellt dësen interessante Komponist méi genee ënnert d'musikalesch Lupp.

Dir héiert an der Emissioun folgend Wierker vum Béla Bartók:

  • Für Kinder : Allegretto
  • Mikrokosmos : Gegenbewegung
  • String Quartet Nr. 6: Mesto
  • Music for Strings, Percussion & Celesta: Adagio
  • Piano Concerto Nr. 1: Allegro molto
  • Violin Concerto Nr. 2: Andante tranquillo
  • Concerto for Orchestra: Finale

 

Rezent Emissiounen

  • Musikalesch Rees-Erënnerungen

    Komponiste schreiwe Postkaarte mat Nouten.

  • Verléifte Museker

    Wat een net alles fir d’Léift mécht!

  • Inachevé, unfinished, unvollendet?

    Generatioune vu Museker a Klassik-Fans froe sech, wéi esou Wierker an der fäerdeger Version vum Original-Komponist geklongen hätten.

  • Helden an hir Aventuren

    Ëmmer nees hu sech Komponisten un Helde musikalesch inspiréiert. Dës fiktiv oder real Persounen an hir erlieften Aventurë goufen op déi verschiddenst Manéiere vertount.

  • D'Heemecht

    Vill Komponisten hunn an deem engen oder anere vun hire Stécker e musikaleschen Hommage un hir Heemecht gemaach.

  • Ungaresch Faarwen

    Ungaresch Musek ass extrem lieweg, op d'mannst wa se op der traditioneller Musek berout. 

  • Den Däiwel an der Musek

    Den Diabolus in Musica war ganz laang verpöhnt. Am Mëttelalter huet sech kaum e Komponist getraut, dësen Intervall ze schreiwen, well e vun der Kierch verbuede war.

  • Dout op der Bühn

    Jean-Baptiste Lully, Josef Strauss, David Oistrakh, Fritz Lehmann, Kirill Kondrashin: e puer vun de Museker, déi bei oder op der Bühn gestuerwe sinn.

  • D'Famill Stamitz - Stäip vun der Mannheimer Klassik

    De Carl Philipp Stamitz, Geie-Virtuos a Virbild vu Mozart a Beethoven.

  • Manhattan

    New York am Allgemengen a Manhattan am Besonnesche sinn an der Klassik thematesch gutt vertrueden.

  • Nom Dawn Chorus eng musikalesch-ornithologesch Wanderung

    Mat ënnert anerem Wierker vum Olivier Messiaen, dee mat Begeeschterung de Gesank vun de Vigel studéiert huet.

  • Villercher

    Dee wuel begeeschtertsten Ornitholog ënnert de Komponiste war den Olivier Messiaen. Dës Passioun spigelt sech och a senge Kompositiounen erëm.

  • Improvisatioun an der Klassik

    Mozart, Beethoven a Chopin waren als grouss Improvisatore bekannt, an d’Fantasien a Kadenzen, déi iwwerliwwert goufen, beweisen dat och. 

  • Herbert von Karajan

    De charismateschen Dirigent​ hat ëmmer ganz konkret Virstellungen an huet sech déi och net ausriede gelooss.

  • Paul Sacher, e Schwäizer Dirigent

    Mäzen a Commanditaire vu ville Wierker, wär de de Paul Sacher den 28. Abrëll 110 Joer al ginn. 

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen