Soirée Philharmonique

Guy Engels

Live-Matschnëtter vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, de Solistes Européens, Luxembourg an dem Orchestre de Chambre du Luxembourg. An der Concertspaus héiert Dir Gespréicher mat Dirigenten, Solisten, Orchestermuseker.

Den Nicholas Angelich © M..Ribes/A. Vo Van Tao

Norddeutsche und Pannonische Tiefebene

Solist bei de Solistes Européens, Luxembourg de 24. Abrëll 2017 war den US-amerikanesche Pianist Nicholas Angelich, Joergank 1970. De Museker fillt sech enk mat Frankräich verbonnen. Mat 13 Joer schreift hie sech an de Conservatoire national supérieur de Paris an. Seng Professere si bekannt Solisten: Michel Béroff, Aldo Ciccolini, Leon Fleisher, Maria João Pires. Haut ass de Nicholas Angelich weltwäit ee vill gefrote Gaaschtsolist. De Concert vun de Solistes Européens, Luxembourg stoung ënnert dem Thema "Norddeutsche und Pannonische Tiefebene" a gëtt presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen