Soirée Philharmonique

Guy Engels

Live-Matschnëtter vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, de Solistes Européens, Luxembourg an dem Orchestre de Chambre du Luxembourg. An der Concertspaus héiert Dir Gespréicher mat Dirigenten, Solisten, Orchestermuseker.

De Piano vum W. A. Mozart mam OCL

Den 12. Februar 2017 hunn de Jean Müller an Laetitia Shi, Pianosocncerti vum Mozart interpretéiert a Begleedung vum Orchestre de Chambre du Luxembourg.

Fréiwierker mä och Spéitwierker, déi weisen, wéi de Mozart am Laf vun de Joren d'Gattung Pianosconcerto no virbruecht huet (Concerti Nr. 1, 22 an 25).

Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

 

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen