KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De Claude Vivier (1948-1983)

War de Claude Vivier eng Zort Peter Pan vun der Musek, e Kand, dat ni richteg erwuesse wollt ginn? De Kanadier huet sech op alle Fall gären an d'Fantasiewelt vun engem Kand verkroch, eng Welt, déi hie sech selwer geschafen huet, zum Deel mat enger imaginärer Sprooch. De Zyklus "Lonely Child" an d'Oper "Kopernikus" sinn den Ausdrock vum Liewen an enger eegener Welt. 

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen