Populismus gräift, grad esou wéi Demokratie, op d'Vollek zréck. An trotzdem erschéngt de Populismus a ville Kritike quasi als Géigendeel vun der Demokratie. Et misst een also mengen, dat et verschidden Aart a Weise ginn, dem Vollek eng Stëmm ze ginn: demokratescher, ondemokratescher, an esouguer anti-demokratescher. Mee wat mécht de Populismus haut esou attraktiv bei de Wieler? An dat, trotz den offensichtleche Léien an trotz dem Onsënn, op deen e sech stäipt. Den Thierry Simonelli beliicht de Phenomen a senger Komplexitéit.
Demokratie a Populismus
Den Nierbuedem vum Populismus
Et brauch gewësse gesellschaftlech a politesch Viraussetzungen, fir datt esou eppes wéi Populismus entstoe kann. Déi Bedéngunge ginn dacks am Zersetzungsprozess oder an der Kris vun der representativer Demokratie resuméiert. Zwee méi spezifesch Phänomener an dësem Kontext sinn d'Verännerunge vum Parteiesystem an domatt verbonnen, d'Enn vun enger gewësser Zort vun Demokratie. Hannergrënn vum Thierry Simonelli.
Rezent Emissiounen
-
Populismus, Politik a Gefiller
De Populist versprécht, wat scho laang am Geschwätz vun der Politik ënnergoung.
-
Stëmme vun der anerer Säit
Fir ze verstoen, firwat Leit sech zum Populismus higezu fillen, muss ee kënnen un dëser Perspektiv deelhuelen.
-
Den diskrete Charme vum Populismus
Den Interessi u populistesche Gedanken ass net nëmmen erschreckend grouss, mä e verdeelt sech an enger Aart a Weis, déi ee sech net esou kloer geduecht hätt.
-
Populismus, Rietsextremismus a Faschismus
Si Populismus, Faschismus a Rietsextremismus dat nämmlecht?
-
Populismus un der Muecht
Gëtt et esou eppes wéi Populismus un der Muecht? Doriwwer streide sech Experten nach haut.
-
Populismus als politesche Prozess
Populismus trëtt seelen als Partei an dacks als politesch Bewegung op.
-
D'Vollek vum Populismus
De Populismus appelléiert un en imaginäert Vollek, dat sech haaptsächlech duerch Identitéit an Ausschloss definéiert.
-
Vun der Representatiounskris zum Populismus
D'Kris charakteriséiert sech duerch zwee allgemeng Phänomener: de Réckzuch vun de Bierger aus der Politik, an dee vun de Parteien aus der Verbindung mat der Wielerschaft.
-
Den Nierbuedem vum Populismus
Zwee méi spezifesch Phänomener an dësem Kontext sinn d'Verännerunge vum Parteiesystem, an domatt verbonnen, d'Enn vun enger gewësser Zort vun Demokratie.
-
Anti-demokratesch Tendenzen an der Demokratie
Demokratie ass eng komplizéiert Affaire. Esou komplizéiert, datt hire Géigendeel, d’Oligarchie, direkt an hirem Fonctionnement matugeluecht ass.
-
Populiste sinn ëmmer déi aner
Populismus ass net esou einfach ze definéieren. Et ass sécher eng Zort vun Demagogie, eng Technik fir Wielerstëmmen anzefänken. Et ass och ëmmer e kritesche Begrëff.
-
Demokratie an Demagogie
Demagogie ass net vun der Demokratie ze trennen. Wieler a Mënschemasse sinn duerch geschéckt Riedner a Manipulatiounstechnike beaflossbar.
Programm
-
Noriichten
-
On air
Moies-Magazin
-
Panorama
-
Iwwer Mëtteg
-
Key to Classics - Amerika entdeckt déi symphonesch Musek
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen