Populismus gräift, grad esou wéi Demokratie, op d'Vollek zréck. An trotzdem erschéngt de Populismus a ville Kritike quasi als Géigendeel vun der Demokratie. Et misst een also mengen, dat et verschidden Aart a Weise ginn, dem Vollek eng Stëmm ze ginn: demokratescher, ondemokratescher, an esouguer anti-demokratescher. Mee wat mécht de Populismus haut esou attraktiv bei de Wieler? An dat, trotz den offensichtleche Léien an trotz dem Onsënn, op deen e sech stäipt. Den Thierry Simonelli beliicht de Phenomen a senger Komplexitéit.
Demokratie a Populismus
Populismus, Rietsextremismus a Faschismus
Populismus gëtt dacks an Zesummenhang mat Faschismus a Rietsextremismus bruecht. Scho während sengem Wahlkampf huet een ëmmer erëm héieren, datt den Donald Trump eigentlech e Faschist wier. Och de Front National an d'AfD gi regelméisseg an dësen Zesummenhang gesat. Misst een dann denken, datt Populismus, Faschismus a Rietsextremismus dat nämmlecht sinn? Den Thierry Simonelli mat Hannergrënn.
Rezent Emissiounen
-
Populismus, Politik a Gefiller
De Populist versprécht, wat scho laang am Geschwätz vun der Politik ënnergoung.
-
Stëmme vun der anerer Säit
Fir ze verstoen, firwat Leit sech zum Populismus higezu fillen, muss ee kënnen un dëser Perspektiv deelhuelen.
-
Den diskrete Charme vum Populismus
Den Interessi u populistesche Gedanken ass net nëmmen erschreckend grouss, mä e verdeelt sech an enger Aart a Weis, déi ee sech net esou kloer geduecht hätt.
-
Populismus, Rietsextremismus a Faschismus
Si Populismus, Faschismus a Rietsextremismus dat nämmlecht?
-
Populismus un der Muecht
Gëtt et esou eppes wéi Populismus un der Muecht? Doriwwer streide sech Experten nach haut.
-
Populismus als politesche Prozess
Populismus trëtt seelen als Partei an dacks als politesch Bewegung op.
-
D'Vollek vum Populismus
De Populismus appelléiert un en imaginäert Vollek, dat sech haaptsächlech duerch Identitéit an Ausschloss definéiert.
-
Vun der Representatiounskris zum Populismus
D'Kris charakteriséiert sech duerch zwee allgemeng Phänomener: de Réckzuch vun de Bierger aus der Politik, an dee vun de Parteien aus der Verbindung mat der Wielerschaft.
-
Den Nierbuedem vum Populismus
Zwee méi spezifesch Phänomener an dësem Kontext sinn d'Verännerunge vum Parteiesystem, an domatt verbonnen, d'Enn vun enger gewësser Zort vun Demokratie.
-
Anti-demokratesch Tendenzen an der Demokratie
Demokratie ass eng komplizéiert Affaire. Esou komplizéiert, datt hire Géigendeel, d’Oligarchie, direkt an hirem Fonctionnement matugeluecht ass.
-
Populiste sinn ëmmer déi aner
Populismus ass net esou einfach ze definéieren. Et ass sécher eng Zort vun Demagogie, eng Technik fir Wielerstëmmen anzefänken. Et ass och ëmmer e kritesche Begrëff.
-
Demokratie an Demagogie
Demagogie ass net vun der Demokratie ze trennen. Wieler a Mënschemasse sinn duerch geschéckt Riedner a Manipulatiounstechnike beaflossbar.
Programm
-
Noriichten
-
On air
Moies-Magazin
-
Panorama
-
Iwwer Mëtteg
-
Key to Classics - Amerika entdeckt déi symphonesch Musek
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen