Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

© Exposition Pont Adolphe 1903 Musée Dräi Eechelen | Parc de la Pétrusse, projet d'aménagement attribué à Édouard André, non daté, non signé, 96 x 126,5 cm.

L'architecte-paysagiste Édouard André (1840-1911) ...

Den Édouard André, franséischen Architekt-Paysagist, Botaniker-Entdecker, Publizist an Theoretiker, deen zu senger Zäit bewonnert gouf, ass gréisstendeels a Frankräich an de Vergiess geroden. Dëst gëllt och fir Lëtzebuerg, obwuel et hie war, dee während 30 Joer Parken, Promenaden an ëffentlech Plaze bei eis am Land nei amenagéiert hat. Esou an der Stad Lëtzebuerg mat der spektakulärer Transformatioun vun de Festungsanlagen a Parken, oder d'Promenaden am Péitruss-Dall an op den Dräi Eechelen. Aner Amenagementer am Land ginn och op hien zréck: d'Parke vun de Schlesser, op der Kockelscheier, zu Bouferdeng an zu Mäertert. D'Konferenz déngt ë. a. dozou, dem Édouard André seng Wierker zréck an de Kontext vum ästheteschen Debat vun deemools, ronderëm de "nouveau style composite" ze setzen, vun deem hien ee fervente Protagonist war.

E Virtrag vum Marc Schoellen, Geschichtsprofesser an diploméiert an historescher Gaart-Architektur, fir den 100,7 verschafft vum Carlo Link.

Linken zu Artikele vum Marc Schoellen an der Kuturzäitschrëft Ons Stad:

- Edouard André, architecte-paysagiste, 1840-1911 http://onsstad.vdl.lu/uploads/media/ons_stad_58-1998_5-7.pdf     

- Le parc et les promenades de la ville de Luxembourg http://onsstad.vdl.lu/uploads/media/ons_stad_58-1998_2-4.pdf

Marc Schoellen © C. Link

 

Rezent Emissiounen

  • Wien e Liewe rett, dee rett d'Welt

    Dem portugiseschen Diplomat Aristides de Sousa Mendes seng humanitär Verdéngschter, och ëm de Grand-Duché. Eng Konferenz vum Jeff Baden.

  • David et Goliath

    Ee Resumé vum Internationale Colloque den 19. an 20. Abrëll iwwer de Bäitrëtt vu Lëtzebuerg an den Däitschen Zollveräin (1842-1918).

  • Vum Zollveräin bei d'Bankenunioun!

    Eng Konferenz vum Professer Dr. Michel Pauly vun der Uni Lëtzebuerg am Kader vum Zyklus En neie Bléck op d'Lëtzebuerger Geschicht

  • En neie Bléck op d'Lëtzebuerger Geschicht

    Vun engem Agrarland an en Industriestaat. E Virtrag vum 21. Februar am City Museum vum Professer Dr. Michel Pauly vun der Uni Lëtzebuerg.

  • Les Rendez-vous de l'UNESCO

    Le Patrimoine industriell: Objet de nostalgie ou sujet de recherche? Eng Konferenz vum Denis Scuto.

  • Les Rendez-Vous de l'UNESCO

    Patrimoine et identités: Un patrimoine commun pour des identités plurielles? Eng Konferenz vun der Sonja Kmec.

  • Bau der Reichsautobahn in der Eifel 1939-1941/42

    E Virtrag vum Wolfgang Schmitt-Koelzer am Kader vu Judeum Epternacum - Erënnerungen un déi jüddesch Geschicht vun Iechternach.

  • Evolutioun - Al Genen, nei Tricken

    Eng thematesch Visite guidée vun der Dauerausstellung Evolutioun, mam Dr. Guy Colling, Fuerscher am natur musée (MNHNL) am Gronn. 

  • Mitten unter uns - die Schicksalsgeschichte der Familie Juda

    E Virtrag vum Henri Juda am Kader vu Judeum Epternacum - Erënnerungen un déi Jüddesch Geschicht vun Iechternach.

  • The way out (2. Deel)

    Microhistories of flight from Nazi Germany. Internationale Colloque vum 24.-26. Januar iwwert d'Flucht aus Nazi-Däitschland.

  • The way out (1. Deel)

    Microhistories of flight from Nazi Germany. Internationale Colloque vum 24.-26. Januar iwwer d'Flucht aus Nazi-Däitschland.

  • Regentinnen hören auf, Frauen zu seyn, sobald sie den Thron besteigen

    Maria Theresia und die Ordnung der Geschlechter. E Virtrag vun der Barbara Stollberg-Rilinger an der Maison des Sciences um Campus Belval.

  • All déi Nimm, all déi extra Saachen

    D'Arzneimëttele vun deemools. Eng Konferenz vum Apdikter Marc Bruck de 26. Oktober 2017 am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (MNHA).

  • Es lebe die Herrin, unser König

    Maria Theresias Herrschaft im Spannugsfeld der Geschlechter. E Virtrag vum 22. November 2017 vun der Dr. Sandra Hertel.

  • De Londoner Kongress 1867

    E wichtegen Datum an eiser Geschicht. Eng Konferenz vum Historiker a radio 100,7 Mataarbechter Roger Seimetz.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen