Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Marco Pütz

Marco Pütz

Deep Purple, Pink Floyd, mä och Schostakowitsch sinn Inspiratioune fir de Komponist a Professer am Stater Conservatoire. Säi Museksgoût, wéi och eege grouss Wierker stellt de Marco Pütz dem Manuel Ribeiro vir.

De Marco Pütz huet iwwer 75 Wierker komponéiert, dovu ronn 30 fir Harmoniesorchester. D'Majoritéit vu senge Wierker gi bei Bronsheim Music an De Haske (Holland) publizéiert. Aner Editeure sinn Maecenas (GB), Edition-Tonger (D), Hal Leonard (USA), H. Lemoine a Sempre Più (F). Seng Wierker si bis haut op ronn 60 CDen enregistréiert. Zënter 2004 huet de Marco Pütz och verschidde Wierker fir Sinfonie- a Sträichorchester geschriwwen, déi vun 2015 u bei der Schwäizer Edition Kunzelmann erauskoumen.

Rezent Emissiounen

  • De Rosch Mirkes

    Dem pensionéierte Museksenseignant an Acteur an der Lëtzebuerger Musekszeen säi musikalesche Goût ass ganz villfälteg.

  • De Pol Belardi

    Dem Jazziste Pol Belardi säi musikalesche Goût hält net beim Jazz op.

  • D'Geiistin Sandrine Cantoreggi

    Vill Klassik an e bëssen Jazz

  • Den David Ianni

    De Pianist a Komponist presentéiert säi perséinleche musikalesche Choix.

  • De Paul Thiltges

    Et muss een net onbedéngt virun der Kamera stoen, fir an der Filmzeen aktiv an erfollegräich ze sinn: eisen Invité ass e Beispill heifir.

  • De Kid Colling

    De Lëtzebuerger Blues- an Jazzgittarist iwwerhëlt d'musikalesch Programmatioun vun dëser Stonn - déi éischter gemittlech ausfält.

  • Den Damien Sagrillo

    De Musekswëssenschaftler presentéiert säi musikalesche Choix.

  • D'Sopranistin Mariette Lentz

    Klassik, Jazz a Rock: de musekalesche Goût vun der Mariette Lentz 

  • De Guy Frisch

    De Perkussionist an Direkter vu Lucilin presentéiert säi musikalesche Choix.

  • Fernand Weides

    De Journalist a fréieren Direkter vum radio 100,7 (Juli 1994-August 2013), huet de musikalesche Programm fir dës Stonn zesummegestallt.

  • De Jeff Mack

    De Countertenor, Trompettist an Dirigent presentéiert Musek, déi Statiounen a sengem Liewe markéiert huet.

  • D'Lydia Rilling

    D'Dramaturgin an der Philharmonie a Responsabel fir de Festival Rainy Days presentéiert hire musikalesch Choix.

  • De Marc Jacoby

    Den Direkter vum Conservatoire du Nord presentéiert seng musikalesch Favoritten.

  • D'Cathy Krier

    Der Pianistin hir musikalesch Virléiften gëllen der Klassik.

  • Monique Melsen

    Scho mat 20 Joer stoung déi gebierteg Ettelbréckerin beim Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Dublin op der Bühn.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen