Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Jean Müller

De Jean Müller

De Jean Müller, Joergank 1979, huet am Stater Conservatoire Piano geléiert, ier hien zu München an zu Bréissel am Conservatoire Superieur weider studéiert huet. Zu Paräis mécht de Jean Müller och nach e Passage an der faméiser Schola Cantorum.
Nieft senge Recitalen a senge sëllechen Opnamen ass de Jean Müller mam Orchestre Philharmonique du Luxembourg, de Münchner Symphoniker, de Solistes Européens, Luxembourg an aneren Orchesteren opgetrueden.
Zënter enger Partie Joren ass de Kënschtler och als Professer fir Piano um Stater Conservatoire aktiv. Viru kuerzem ass hien artisteschen Direkter vum Orchestre de Chambre du Luxembourg ginn, mat deem hien och dacks als Solist optrëtt.
De Manuel Ribeiro presentéiert dem Jean Müller seng musikalesch Visittekaart.

Rezent Emissiounen

  • De Rosch Mirkes

    Dem pensionéierte Museksenseignant an Acteur an der Lëtzebuerger Musekszeen säi musikalesche Goût ass ganz villfälteg.

  • De Pol Belardi

    Dem Jazziste Pol Belardi säi musikalesche Goût hält net beim Jazz op.

  • D'Geiistin Sandrine Cantoreggi

    Vill Klassik an e bëssen Jazz

  • Den David Ianni

    De Pianist a Komponist presentéiert säi perséinleche musikalesche Choix.

  • De Paul Thiltges

    Et muss een net onbedéngt virun der Kamera stoen, fir an der Filmzeen aktiv an erfollegräich ze sinn: eisen Invité ass e Beispill heifir.

  • De Kid Colling

    De Lëtzebuerger Blues- an Jazzgittarist iwwerhëlt d'musikalesch Programmatioun vun dëser Stonn - déi éischter gemittlech ausfält.

  • Den Damien Sagrillo

    De Musekswëssenschaftler presentéiert säi musikalesche Choix.

  • D'Sopranistin Mariette Lentz

    Klassik, Jazz a Rock: de musekalesche Goût vun der Mariette Lentz 

  • De Guy Frisch

    De Perkussionist an Direkter vu Lucilin presentéiert säi musikalesche Choix.

  • Fernand Weides

    De Journalist a fréieren Direkter vum radio 100,7 (Juli 1994-August 2013), huet de musikalesche Programm fir dës Stonn zesummegestallt.

  • De Jeff Mack

    De Countertenor, Trompettist an Dirigent presentéiert Musek, déi Statiounen a sengem Liewe markéiert huet.

  • D'Lydia Rilling

    D'Dramaturgin an der Philharmonie a Responsabel fir de Festival Rainy Days presentéiert hire musikalesch Choix.

  • De Marc Jacoby

    Den Direkter vum Conservatoire du Nord presentéiert seng musikalesch Favoritten.

  • D'Cathy Krier

    Der Pianistin hir musikalesch Virléiften gëllen der Klassik.

  • Monique Melsen

    Scho mat 20 Joer stoung déi gebierteg Ettelbréckerin beim Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Dublin op der Bühn.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen