Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Centre for Contemprorary and Digital History

Am Mee gouf op der Universitéit Lëtzebuerg de Centre for Contemporary and Digital History, kuerz C2DH, offiziell inauguréiert. Awer schonn am Oktober vum leschte Joer haten déi 65 Mataarbechter vum Institut hir Aarbecht opgeholl. Am C2DH wëll ee sech mat der Lëtzebuerger an och europäescher Zäitgeschicht auserneesetzen. Eng aner Missioun vum Centre ass et awer och nei a modern Weeër ze fannen, fir ze fuerschen an dës Resultater dann och duerzestellen. De Pit Walté huet sech mat de Fuerscher aus dem C2DH ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

  • D'Clio Van Aerde ass "on line"

    D'Kënschtlerin Clio Van Aerde geet während engem Mount zu Fouss d'Linn vun der lëtzebuergescher Grenz of a nennt hir Performance "on line".

  • D'HPV-Vaccinatioun zu Lëtzebuerg huet méi Zoulaf wéi geduecht

    Déi human Papilloma-Vire sinn an den 1970eger fir d'éischt beschriwwe ginn. 50 Joer ginn net duer, fir eng Krankheet bekannt ze maachen.

  • Een unexpected treasure?

    Vu Marsrank bis Herkules-Fresko: an der gallo-réimescher Villa vu Schieren ginn zanter 2007 wichteg archeologesch Decouvertë gemaach.

  • Metamorphosen der Epilepsie, eng Analys vum Dieter Heimböckel

    De Philolog beschäftegt sech mam erstaunleche Sujet Epilepsie an der Literatur a wat mir doraus léiere kënnen.

  • De Jens Kreisel dréint net am Krees

    Vun der Rentrée 2018/ 2019 u kritt d'Uni Lëtzebuerg en neie Vice-Recteur fir Recherche an Innovatioun: de Materialfuerscher Jens Kreisel.

  • Epigenetik an der Schwangerschaft

    An der Schwangerschaft ass en Embryo ënnerschiddlechen Aflëss vu baussen ausgesat. An deem Kontext gëtt d'Epigenetik haut ëmmer méi wichteg.

  • Wat si Grenzen?

    Grenzen existéieren net vu sech aus, mä entstinn éischter aus enger Partie vu sozialen, kulturellen oder materielle Facteuren.

  • De kënschtlechen Daarm Humix

    Fir d'Entwéckele vum kënschtlechen Daarm Humix goufen de Paul Wilmes a säi Fuerscherteam vum LCSB direkt e puermol ausgezeechent.

  • Den Nobelpräis Laureat Jules Hoffmann

    2011 ass de gebiertegen Iechternacher Jules Hoffmann mam Nobelpräis ausgezeechent ginn. Säi Spezialgebitt: d'Défense vum Immunsystem.

  • Rapid Entwécklunge bei de Border studies

    Am neien EU-Zentrum fir Grenzraumfuerschung sollen d'Border studies vu sechs Unien aus der Groussregioun visibel an accessibel gemaach ginn.

  • Den europäeschen Zentrum fir GR-Grenzraumfuerschung

    Et geet dorëms, déi sougenannt Border studies vun den Unie vu Lëtzebuerg, aus dem Saarland, vun Tréier, Kaiserslautern, vu Léck an aus der Lorraine méi visibel an accessibel ze maachen.

  • De Bernd Preiss an d'Fraktalkonscht

    De Physiker Bernd Preiss kreéiert mat Mathematik plus Computer eenzegaarteg fraktal Konschtwierker, déi den Ament am Trifolion ze gesi sinn.

  • En ERC Grant fir d'Ines Thiele

    De Projet "Bug the drug" vun der Molekularbiologin vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine belount den EU-Fuerscherrot mat engem ERC-Grant.

  • D'Bianca Rita Pistillo an déi richteg Chimie

    D'LIST-Chemikerin war am Summer zu Stockholm mat der internationaler "Medaille du Scientifique 2017" ausgezeechent ginn.

  • D'Theaterwëssenschaftlerin Natalie Bloch

    D'Internationaliséierung mécht sech op internationalen Theaterbühne breet. Lëtzebuerg ass dobäi quasi Virreider, sou d'Theaterwëssenschaft.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen