To the bone

Stéck fir Stéck gi klassesch Wierker vum Stëbs vun der Zäit befreit, bis se rank a schlank, "to the bone" do stinn. D'Anne Galowich placéiert d'Kompositioun historesch, geographesch a virun allem frësch ofgespeckt a säin urspréngleche Kontext. Eng nei Manéier, fir Musek z'entdecken! 

D'Goldberg-Variatiounen

Ee Meilestee vun der Museksgeschicht, de Summum wat Kompositiounstechnik an Instrumentalkenntnis ugeet, bref: ee Monument. Onëmgänglech an ëmmer erëm faszinant. Mä wousst Dir, datt e Pop-Lidd, wéi dem Bobby Womack säi "California dreamin'", dem Thomaskantor sengem Meeschterwierk formal ganz no steet? D'Anne Galowich geet der Saach op de Fong.

Rezent Emissiounen

  • Marche pour la cérémonie des Turcs - Jean-Baptiste Lully

    "Ei, wie schmeckt der Kaffee süsse", and other turkish delights ....

  • Fandango! - Antonio Soler

    Sonn, Temperament a Leidenschaft - wat wëll ee méi?

  • Adagio a sol mineur - Tomaso Albinoni

    Dëst immens beléifte Stéck ass ee Kuckucksee - et ass weder vum Albinoni, nach aus der Barockzäit. Een Eenzelfall? Beileiwen net ...

  • Spem in alium

    Dem Thomas Tallis säi Meeschterwierk, déi englesch Renaissance, Polyphonie an ee klengen Ausfluch op Rëmerschen stinn am Mëttelpunkt.

  • D'Goldberg-Variatiounen

    Dem Bach säi Meeschterwierk kritt keng Falen.

  • Le quattro stagioni - L'inverno

    E fréit Beispill vu sougenannter Programm-Musek

  • Lascia ch'io pianga

    Dës wonnerschéin Aria ass ee vun den Héichpunkte vum Georg Friedrich Händel senger Oper "Rinaldo".

  • Adagio d-moll BWV 974

    Dem Johann Sebastian Bach seng Transkriptioun vum zweete Saz aus dem Alessandro Marcello sengem berühmte Concerto fir Hautbois a Sträicher

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • Une nouvelle application mobile « radio 100,7 »

    radio 100,7 vient de lancer sa nouvelle application pour appareils mobiles. L'appli, simple à installer et facile à utiliser, permet d'écouter le programme de la radio 100,7 en direct et en différé en puisant dans la médiathèque de la radio. 

  • Yann Logelin, nouveau chef de la programmation à radio 100,7

    radio 100,7 annonce la nomination de M. Yann Logelin au poste de chef de la programmation. Yann Logelin prendra le relais de M Claude Mangen qui, après 25 ans à ce poste, assumera la direction du Mierscher Kulturhaus à partir du 1er novembre 2018.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen