To the bone

Stéck fir Stéck gi klassesch Wierker vum Stëbs vun der Zäit befreit, bis se rank a schlank, "to the bone" do stinn. D'Anne Galowich placéiert d'Kompositioun historesch, geographesch a virun allem frësch ofgespeckt a säin urspréngleche Kontext. Eng nei Manéier, fir Musek z'entdecken! 

Thomas Tallis (1505-1585)

Spem in alium

Ee 40-stëmmegt Meeschterwierk aus der Renaissance ass viru Kuerzem zu dach e bëssi traureger Berühmtheet komm: "Spem in alium" vum Thomas Tallis spillt eng prominent Roll am E. L. James hirer erotescher Roman-Trilogie "Shades of Grey". Mä et brauch ee ganz sécher kee BDSM-addict ze sinn, fir dem Wierk ze verfalen! Loosst Iech fesselen: Kronos Quartet, The Sixteen a Barocksoliste si prett, Iech ze verféieren. Et deet och net wéi, keng Angscht. Eng Emissioun vum Anne Galowich.

Rezent Emissiounen

  • Marche pour la cérémonie des Turcs - Jean-Baptiste Lully

    "Ei, wie schmeckt der Kaffee süsse", and other turkish delights ....

  • Fandango! - Antonio Soler

    Sonn, Temperament a Leidenschaft - wat wëll ee méi?

  • Adagio a sol mineur - Tomaso Albinoni

    Dëst immens beléifte Stéck ass ee Kuckucksee - et ass weder vum Albinoni, nach aus der Barockzäit. Een Eenzelfall? Beileiwen net ...

  • Spem in alium

    Dem Thomas Tallis säi Meeschterwierk, déi englesch Renaissance, Polyphonie an ee klengen Ausfluch op Rëmerschen stinn am Mëttelpunkt.

  • D'Goldberg-Variatiounen

    Dem Bach säi Meeschterwierk kritt keng Falen.

  • Le quattro stagioni - L'inverno

    E fréit Beispill vu sougenannter Programm-Musek

  • Lascia ch'io pianga

    Dës wonnerschéin Aria ass ee vun den Héichpunkte vum Georg Friedrich Händel senger Oper "Rinaldo".

  • Adagio d-moll BWV 974

    Dem Johann Sebastian Bach seng Transkriptioun vum zweete Saz aus dem Alessandro Marcello sengem berühmte Concerto fir Hautbois a Sträicher

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • radio 100,7: Changement à la tête de la rédaction musicale

    M. Yves Stephany a été nommé à la tête de la rédaction musicale de la radio de service public radio 100,7. M. Stephany, 37 ans, y prend la relève de M. Fred Medernach qui a fait valoir ses droits à la retraite.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen