MusekerIn am Gespréich

Remy Franck

De Remy Franck ënnerhält sech mat internationale Perséinlechkeeten aus der klassescher Musek iwwert hir Carrière an hir aktuell Projeten.

De Karol Beffa

De Remy Franck ënnerhält sech mam franséische Komponist Karol Beffa, ee vun deene Komponisten, déi hir artistesch Virfahre virun der Ära Boulez sichen an dem Publikum eng méi zougänglech Musek ubidden. De Beffa ass och Pianist, hie gouf mat 39 Joer de jéngsten Titulaire vun der "Chaire de création artistique" um Collège de France. Als Bouf huet hien an enger Televisounsserie vum Marcel Bluwal d'Roll vum Mozart gespillt an hien ass bis haut nach ëmmer och als Schauspiller aktiv.
Datt de Karol Beffa an de Remy Franck, deem seng Mamm eng gebuere Beffa ass, beim Interview erausfonnt hunn, datt si Famill sinn, sief niewebäi vermierkt. Hir béid Famille kommen aus dem selwechte klengen Duerf, Madrano, am Tessin.

Rezent Emissiounen

  • Den Drazen Domjanic

    Pianist, Intendant, Entrepreneur

  • De Jacques Mercier

    Seng lescht Saison beim Orchestre National de Lorraine, ier hien a Pensioun geet.

  • Den Andy Loor

    De jonke Museker dirigéiert en etlech Chéier an ass Mataarbechter am Institut européen de chant choral. 

  • D'Sängerin a Schauspillerin Shlomit Butbul

    D'Grënnerin vum fréieren Jazzclub Inoui zu Réiden ass zu Lëtzebuerg fir zwee Optrëtter.

  • Den Alexander Liebreich

    De Remy Franck ënnerhällt sech mam däitschen Dirigent.

  • De Benedict Kloeckner

    E Gespréich mam däitschen Cellist, deen och Intendant vum Museksfestival vu Koblenz ass.

  • Olivier Dartevelle

    Den Olivier Dartevelle ass net nëmme bekannt als Solo-Klarinettist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, och seng Komponistenaktivitéit ass beandrockend.

  • De Jacques Mercier

    Seng lescht Saison beim Orchestre National de Lorraine, ier hien an d'Pensioun geet.

  • De Jean Muller

    De Lëtzebuerger Pianist iwwert seng CD-Aktivitéiten, seng Tâche als Professer am Conservatoire an als kënschtlereschen Direkter vum Orchestre de Chambre du Luxembourg

  • Den Acelga Quintett

    De Wee vum Studenten-Ensembel an eng Carrière als unerkannte Bléiserquintett 

  • Den Tobias Scharfenberger

    E Gespréich vum Remy Franck mam däitsche Sänger a Kulturmanager, designéierten Intendant vum Mosel Musikfestival 

  • Den Trompettist Gabor Boldoczki

    Deen ungaresche Museker, Gewënner vun den International Classical Music Awards an der Kategorie zäitgenëssesch Musek, iwwert seng Carrière a säin Instrument

  • D'Chouchane Siranossian

    Gläich zweemol gouf déi franséisch-armenesch Geiistin 2017 bei den International Classical Music Awards ICMA ausgezeechent.

  • De Gaspart Dehaene

    De franséische Pianist huet viru Kuerzem mat sengem éischten CD d'Opmierksamkeet vun der Musekswelt op sech gezunn.

  • De Robert von Bahr

    De Grënner a Chef vum Label BIS schwätzt iwwert d'Entwécklung vum Klassik-Marché.

Programm

Dossieren

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen