MusekerIn am Gespréich

Remy Franck

De Remy Franck ënnerhält sech mat internationale Perséinlechkeeten aus der klassescher Musek iwwert hir Carrière an hir aktuell Projeten.

De Karol Beffa

De Remy Franck ënnerhält sech mam franséische Komponist Karol Beffa, ee vun deene Komponisten, déi hir artistesch Virfahre virun der Ära Boulez sichen an dem Publikum eng méi zougänglech Musek ubidden. De Beffa ass och Pianist, hie gouf mat 39 Joer de jéngsten Titulaire vun der "Chaire de création artistique" um Collège de France. Als Bouf huet hien an enger Televisounsserie vum Marcel Bluwal d'Roll vum Mozart gespillt an hien ass bis haut nach ëmmer och als Schauspiller aktiv.
Datt de Karol Beffa an de Remy Franck, deem seng Mamm eng gebuere Beffa ass, beim Interview erausfonnt hunn, datt si Famill sinn, sief niewebäi vermierkt. Hir béid Famille kommen aus dem selwechte klengen Duerf, Madrano, am Tessin.

Rezent Emissiounen

  • Ivan Fischer

    Den Dirigent huet de Budapest Festival Orchestra an eng fest Struktur bruecht, déi d'Formatioun finanziell an organisatoresch ofgeséchert huet.

  • Isabelle Faust

    Déi däitsch Geiistin schwätzt iwwert hir Approche zur Musek an d'Wichtegkeet vun der Kammermusek, iwwert de Claudio Abbado an iwwert hir Enregistrementer.

  • Ivan Ilic

    Deen amerikanesche Pianist mat jugoslawesche Wuerzelen gëlt als Aventurier am Museksliewen, spillt meeschtens alleng a sicht sech gär ongewinnte Wierker aus.

  • Gabriel Tacchino

    Deem 81 Joer ale franséische Pianist seng international Carrière gouf lancéiert, wéi den Herbert von Karajan hien an de 50er Jore fir Concerten engagéiert huet.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen