MusekerIn am Gespréich

Remy Franck

De Remy Franck ënnerhält sech mat internationale Perséinlechkeeten aus der klassescher Musek iwwert hir Carrière an hir aktuell Projeten.

De Robert von Bahr

Dëst Joer gouf de schwedeschen Disque-Label BIS "Label of the Year" bei den International Classical Music Awards (ICMA). De Grënner a Chef vu BIS, de Robert von Bahr, verzielt dem Remy Franck ënner anerem, wéi hien an der Ufankszäit, also virun iwwer 40 Joer, seng Disquen zu Stockholm mat enger Kannerkutsch an d'Geschäfter geliwwert huet. An dat hat ee finanzielle Grond ...

Rezent Emissiounen

  • David Reiland

    Dee fréieren Dirigent vum Orchestre de Chambre du Luxembourg ass zanter der Rentrée 2018 neie Chefdirigent vum Orchestre national de Metz.

  • De Robert Neumann

    Dee jonken däitsche Pianist, 17 Joer al, war 2017 de Gewënner vum Discovery Award vun den International Classical Music Awards.

  • Tatsiana Zelianko, Pianistin a Komponistin

    D'Musikerin aus Wäissrussland lieft zanter 10 Joer zu Lëtzebuerg.

  • Den Dirigent Sébastien Rouland

    Den neie Generalmuseksdirekter vum Staatstheater Saarbrécken.

  • De Stefan Temmingh

    De Blockflüttist ass Laureat an der Kategorie Barock instrumental vun den International Classical Music Awards 2018.

  • Den Drazen Domjanic

    Pianist, Intendant, Entrepreneur

  • De Jacques Mercier

    Seng lescht Saison beim Orchestre National de Lorraine, ier hien a Pensioun geet.

  • Den Andy Loor

    De jonke Museker dirigéiert en etlech Chéier an ass Mataarbechter am Institut européen de chant choral. 

  • D'Sängerin a Schauspillerin Shlomit Butbul

    D'Grënnerin vum fréieren Jazzclub Inoui zu Réiden ass zu Lëtzebuerg fir zwee Optrëtter.

  • Den Alexander Liebreich

    Deen däitschen Dirigent huet bei den International Classical Music Awards mam Tigran Mansurian sengem Requiem de Präis an der Kategorie fir Zäitgenëssesch Musek gewonnen.

  • De Benedict Kloeckner

    E Gespréich mam däitschen Cellist, deen och Intendant vum Museksfestival vu Koblenz ass.

  • Olivier Dartevelle

    De Museker ass net nëmme bekannt als Solo-Klarinettist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, och seng Komponistenaktivitéit ass beandrockend.

  • De Jacques Mercier

    Dem Dirigent, dee sech bei eis virun allem en Numm gemaach huet mat sengem Orchestre National de Lorraine geet an d'Pensioun.

  • De Jean Muller

    De Lëtzebuerger Pianist iwwert seng CD-Aktivitéiten, seng Tâche als Professer am Conservatoire an als kënschtlereschen Direkter vum Orchestre de Chambre du Luxembourg

  • Den Acelga Quintett

    De Wee vum Studenten-Ensembel an eng Carrière als unerkannte Bléiserquintett 

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen