Kulturchronik

Eis Journalisten informéieren objektiv iwwer déi kulturell Aktualitéit. Mee wat denke si iwwer d'Realitéit zu Lëtzebuerg. An der Kulturchronik komme si mat Meenungen a Kommentaren zu Wuert.

Liewe matten an der Onkultur

Wonnert Dir Iech heiansdo iwwer de Gebrauch vu Wierder, Ausdréck, oder souguer verbalen Attacken? Oder fält Iech duerno op, firwat Dir op dësen oder dee Saz, oder op eng Bemierkung mat engem difuse Gefill vun Onwuelsi reagéiert hutt? Dack sinn et net déi offensichtlech formuléiert Frechheeten oder Äusserungen ouni all Spuer vu Respekt, déi een am schlëmmsten ugräifen. Mä dat wat ee schläichend als "normal" Sprooch vun der Zäit opgedëscht kritt. Iwwer eng vun de schlëmmste Forme vun enger ëmmer méi réier Sprooch an den domat verbonnene Verfall vu Wäerter, huet den däitsche Philolog Victor Klemperer geschriwwen - an 1947 "LTI-Lingua Tertii Imperii" publizéiert, e Standardwierk iwwer d'Sprooch am Däitsche Räich."Warum soll man nicht auf bessere Zeiten hoffen? Ein Leben in Briefen" illustréiert d'Liewen, Wierken an Denke vum Héichschoulprofesser Klemperer unhand vu senger Korrespondenz virun a während de Kricher, awer och an der Zäit vun der DDR. De Victor Klemperer huet schonn zu Liefzäite publizéiert, posthum koumen nieft aneren en dräideelege Curriculum Vitae an verschidden Tagebicher vum Victor Klemperer eraus. En ëmfaassend an zum Deel nees topaktuellt Wierk, dat, wéi d'Marie Darrieussecq sot, misst Pflichtlektür an all Schoul sinn. D'Nathalie Bender mat Hannergrënn.

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen