Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Den Tram ass seng éischt Metere gerullt

De Lëtzebuerger Tram ass de Muere seng éischt Meteren op de Schinnen op der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg gerullt. Déi spuenesch Entreprise CAF, déi Tramme baut, a Luxtram schaffen den Ament zesummen, fir d'Techniker sou gutt wéi méiglech op déi nei Defie vum Lëtzebuerger Tram virzebereeden. De Sven Loes huet virun zwee Méint ugefaangen, bei Luxtram als Techniker an der Maintenance vum Matériel roulant ze schaffen. Wat mécht den Tram vun CAF esou speziell? De Sven Loes mat Explikatiounen um Mikro vum Tessy Steffen Koenig.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen