Black & White Blues

Jim Devans Fred Medernach

Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen,  Vintage-Opnamen, ausféierleche Live,  Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.

Van Morrison

... It's too late to stop now ... Volumes II, III, IV
1973 huet de Van Morrison eng Live-Tour gemaach, déi op dräi LPe festgehale gouf. Leider sinn deemools trotz dësen dräi LPe vill Lidder ewechgelooss ginn, well net Plaz genug war. Haut, am Zäitalter vun der CD, ginn dës Lidder an Optrëtter nogeliwwert ... op dräi CDen. De Jim Devans stellt déi nei Silberlinge vir.

Rezent Emissiounen

  • James Cotton

    De Meeschter op der Bluesharp mat Meeschterwierker aus senger Carrière

  • Bert Jansch

    De schottesche Folk Museker dee mat sengem Gittar-Stil eng ganz Generatioun gepräägt huet. 
     

  • Live George Thorogood & The Bintangs

    Ausschnëtter aus zwee Live-Concerte vum Feinsten.

  • Heritage Blues Company live

    Véier Lidder vum Lëtzebuerger Quintett erliewen hir Radio-Première an der Emissioun, mam Chris Cain ass och den nächste Bluesclub-Act derbäi.

  • D'Enn vum New Yorker Fillmore East

    "Fillmore East - The Last Three Nights": den Album fir Rock- a Bluesfans bréngt nach emol grouss Nimm an Erënnerung.

  • Heavy Petrol in concert

    D'Lëtzebuerger Band mat 46' Live-Opnamen aus der Escher Kulturfabrik - de Repertoire geet vu Blues vum Album "Petrol Train" bis Hendrix.

  • Gary Moore - Blues & Beyond

    Pünktlech zum siwenten Doudesdag war e Box-Set erauskomm mat véier CDen a mat senger Biografie dran. Praktesch e Sträifzuch duerch dem Moore seng Blues Carrière.

  • Mike Zito live

    Lëtzbuerger an US Live-Blues mam Mike Zito, dem Texaner Mike Morgan & the Crawl an deem neie Blueray vu Crossroads

  • Blues Caravan a Groove op der Uergel

    E Bléck op d'Blues Caravan den 9. Februar am Sang & Klang an en Hammond B3-Tribute un den Jimmy Smith vum Lucky Peterson

  • Danny Bryant live

    Den dueble Live, dee während der Europa-Tournee opgezeechent gouf, iwwerzeegt mat Pepp an Dynamik, Gittaren a Bléiser.

  • Crossroads live

    Mam neie Live-DVD/Blueray vun der Lëtzebuerger Band an dem Gittarist/Sänger Claude Bintz als Studiogaascht

  • Walter Trout & friends

    "We're All in this together" - deen aktuellen Album vum Walter Trout

  • Easy Blues 'n 'Jazz

    E gemittleche Blues- an Jazzrallye, mat engem Bléck op de Concertskalenner vum Joresufank

  • Blues fir ënnert de Beemchen

    Net onbedéngt déi grouss Klassiker vum Genre - dofir awer manner Gespilltes ronderëm de Blues a méi ...

  • The Blues Band - The big Blues Band live Album

    1979 gouf an England eng Blues Grupp gegrënnt, déi nëmme ganz kuerz, fir een oder zwee Optrëtter sollt bestoen. Schlussendlech besteet d'Band nach haut.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen