Buch-Tipp fir de Summer

radio 100,7

Summer, Congé, Vakanz ... Momenter, wou een Zäit a Loscht huet, an e flotte Roman eranzedauchen. Mee wat soll ee liesen? Dacks kléngen d'Beschreiwunge ganz villverspriechend, fir sech duerno als langweileg, gehaltlos an zäitverschwenderesch ze entlarven.

D'Mataarbechter vum radio 100,7 liese sech duerch vill nei Publikatiounen. Déi Bescht stelle si vir. Literatur aus aller Welt ass vertrueden.

Azad Ziya Eren - Instituteur de campagne en Anatolie

Wéi den tierkesche Poet, deen armenesch a kurdesch Originnen huet, am Dezember 2016 d'Tierkei verléisst fir seng Autoreresidenz a Frankräich unzetrieden, kritt hien um Fluchhafen säi Pass ofgeholl.
Virdrun hat hie säin Job als Schoulmeeschter verluer, well hien, wéi dausend anerer, verdächtegt gouf, en Oppositionelle vum Regimm ze sinn.
Den Azad Ziya Eren huet e schmuelt Band iwwer seng Zäit als Schoulmeeschter am anatoleschen Duerf Sakuzköy geschriwwen, eng Zort poetescht Tagebuch, wou net just d'Schoul, mä och d'Duerfbewunner, de Regimm, d'Vergaangenheet an d'Entwécklung am Mëttelpunkt stinn. 

D'Valerija Berdi mam Buchtipp fir de Summer.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen