Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Den Dirk Zetzsche iwwert "Digital Inclusive Finance"

Grouss Deeler vun der Weltbevëlkerung hu keen Accès op finanziell Déngschtleeschtungen. Doduerch klëmmt bei hinnen zäiteweis de Risiko zur Veraarmung oder zu sozialer Agonie. Zum Beispill bei Naturkatastrophen. An deene Fäll ginn am Westen am Prinzip d'Finanzinstituter ageschalt, fir ze hëllefen. Eng Léisung kéint do d'"Digital Inclusive Finance" bréngen. D'Kerstin Thalau wollt vum Dirk Zetzsche, Jurist vun der Uni Lëtzebuerg, méi iwwert d'Chancen an d'Gefore vum neien Zaubermëttel gewuer ginn.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen