Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

De Bilan vum 1. "Pairing Scheme" zu Lëtzebuerg

"Pairing Scheme" ass e Konzept, dat vun der Royal Society zu London entwéckelt gouf. Fuerscher a Parlamentarier gesi sech zu zwee an zwee an hirem jeeweilegen Aarbechtsëmfeld, fir e konkreten Abléck an eng friem Welt ze kréien. De Lëtzebuerger Fonds National de la Recherche huet de "Pairing Scheme" am Hierscht 2016 zu Lëtzebuerg lancéiert. D'Kerstin Thalau war an der Chamber mat dobäi, wéi den Ofschlossbilan vun der 1. Editioun gezu gouf.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen