Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

De Florian Hertweck an den neie Master an Architektur

De Florian Hertweck, Joergank 1975, huet, no senger Première am Rheinland, zu Paräis, Newcastle an an Däitschland Architektur, Konschtgeschicht a Philosophie studéiert. Zu Versailles huet hien den éischte franséisch-chinesesche Master fir ekologeschen Urbanismus opgebaut an en entwéckelt a sengem Büro fir Urbanismus nei Mobilitéitskonzepter. Déi ideal Besetzung also fir d'Uni Lëtzebuerg, fir en neie Master an "European architecture, urbanisation, globalisation" opzebauen? D'Kerstin Thalau wollt méi iwwert dem Florian Hertweck säi Bauplang gewuer ginn.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen