Virun 100 Joer

Renée Wagener

Iwwer den éischte Massestreik an de Schmelzen, d'Auswierkunge vun der Revolutioun op d'Sozialistesch Partei oder den Ufank vun enger pazifistescher Bewegung. E gemeinsame Medieprojet vun der Wochenzeitung woxx a vum radio 100,7.

D'Stonn vum Pazifismus

Ee Grond dofir, datt 1917 déi Russesch Revolutioun ausgebrach ass, war d'Krichsmiddegkeet vun der russescher Bevëlkerung. Mä et war an engems e Ruff no engem Fridden ouni Konditiounen a ganz Europa. Och zu Lëtzebuerg war domat d'Fro gestallt, wéi sech d'Sozialdemokratie sollt zu Krich a Fridde positionéieren. D'Renée Wagener mat Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

  • D'Selbstbestëmmungsrecht vun de Vëlker

    E Stréihallem fir Lëtzebuerg an der Diskussioun ronderëm seng Onofhängegkeet am Éischte Weltkrich

  • Déi grouss Oktober-Revolutioun

    De 7. November 1917 gouf zu Moskau de Wanterpalais gestiermt. Dat war den Ufank vun der Russescher Oktober-Revolutioun.

  • "Räte-System" oder klassesch Demokratie?

    One man, one vote? Dat war zu Lëtzebuerg virun 100 Joer nach keng Realitéit. Eng Verfassungsreform sollt aus deem Prinzip Wierklechkeet maachen.

  • D'Stonn vum Pazifismus

    Nieft Land a Brout war och de Fridden eng zentral Fuerderung an der Russescher Revolutioun. Mä soss an Europa hat en e schwéiere Stand.

  • 1917: de Juni-Streik

    1917, mëtten am Éischte Weltkrich, koum et zum éischte Massestreik zu Lëtzebuerg. Dräi Woche laang hunn d'Schmelz-Aarbechter gestreikt.

  • De grousse Broch

    Den Ëmstuerz a Russland 1917 huet der Aarbechterbewegung zwar neien Driff ginn, mä se och virun de Choix gestallt: Reform oder Revolutioun?

  • Dobäi gewiescht: Lëtzebuerger a Russland

    Wéi 1917 a Russland d'Revolutioun ausgebrach ass, waren op der Plaz och Lëtzebuerger dobäi - awer éischter onfräiwëlleg.

  • D'Februar-Revolutioun 1917 a Russland an der Lëtzebuerger Press

    A Russland ass eng Revolutioun amgaang! Dat konnt een am Mäerz 1917 - mat e bësse Verspéidung - och an de Lëtzebuerger Zeitunge gewuer ginn.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen