Generator

D’Jugend-Sendung um 100,7. Mam Weekend deen op vollen Touren dréint, Gäscht am Interview, Sortien, Trends, Gigs... A beschter Generator-Musek!

Generator

Den Isaiah Wilson wéisst eis wéi een danzt, mir gi bei déi jonk Architekten op de Festival des Cabanes a fir gutt Musek suergen d'Strylses. Dir kënnt Iech verloossen op gutt Stëmmung an natierlech vill gutt Musek am Generator mam Maxi a mam Fanny - live vun halwer siwe bis aacht an duerno an der Mediathéik

Rezent Emissiounen

  • Generator

    Iwwert de lëtzebuerger r'n'b-Kënschtler Edsun, gläichgeschlechtlech Partnerschaft an d'Stéifkand-Adoptiounsrecht fir homosexuell Koppelen an Italien an mat dräi Live-Gäscht am Studio.

  • Generator

    Iwwer de Youtube-Succès vum Rapper Bandana, d'Kritik um Fräihandesaccord TTIP, Fraen a franséisch Filmer op der Berlinale an mat zwee Live-Gäscht am Studio.

  • Generator

    Mat engem Reportage iwwer Flüchtlingsradio um Welt-Radio-Dag an engem Interview iwwer Pornographie. Aner Theme sinn d'Relatitivéitstheorie a Street Art.

  • Generator

    Generator haut iwwer : Parcours, Wäerteunterrecht, Verschlesselungstrojaner an Angesichts des schwarzen Lochs.

  • Generator

    Fir d'Generatioun vu jonken Erwuessener

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen