Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Den Enrico Glaab an de Kampf géint Alzheimer

2015 war den 100. Doudesdag vum Alois Alzheimer, also deem däitsche Psychiater an Neuropatholog, deen 1906 als éischten eng Demenzkrankheet beschriwwen huet, déi dunn no him benannt gouf. De ronnen Anniversaire hu Medeziner genotzt, fir drun z'erënneren, datt et trotz intensiver Fuerschung nach ëmmer keng Heelung géint Alzheimer gëtt. Den Enrico Glaab a säin Team vum Luxembourg Center for Systems Biomedicine, kuerz LCSB, vun der Uni Lëtzebuerg versichen, dat ze änneren. Explikatioune vum Kerstin Thalau.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen